All News

Detox Smoothies
24.01.2019Brouch
Dënschdes den 22ten Januar hunn mir zesumme mat eisem Educateur, dem Jérôme Detox Smoothies gemaach. Awer wat ass iwwerhaapt Detox ? Mir hunn dat Wuert nach ni héieren ? An wat huet een dovun ?
Kuerz erkläert : d‘Wuert Detox kënnt aus dem Englesche vum Wuert detoxification an heescht iwwersat „Entgéfftung“.
Soumat soll eise Kierper entgéfft gi vu Stress, wéineg Schlof, ongesonder Ernährung (mat Zocker a Fett) etc.
Et ass och gutt fir eis Organer am Kierper wéi Nieren, Liewer etc.
Des Kéier stoung um Programm een Detox Smoothie ouni Zocker mat Spinat, Kornischong, Banann, Apel, Blooalgen, Orangen, etc.
Als d‘éicht hunn mir sämtlech Zutaten gewisen an erkläert kritt, duerno alles gewäsch, an dunn ass et un d‘Schierlen an d‘Schneide gaangen.
Zum Schluss hunn mir alles gemixt a genoss :)
MR Galaxie


Mir hun en Lampion gebastelt
24.01.2019Brouch
Mir hun fir Liichtmessdaag, eisen eegenen Lampion gebastelt




Wochenprogramm 21-25.01 MR Galaxie
21.01.2019Brouch
Méinden :
12:00-14:00 "Beatbox : wënsch dir däin Lidd“ mam Jérôme (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 „Mir spillen d‘Geselltschaftsspill TABU“ mam Ilenia (Atelier Freestyle)
Dënschden :
13:30-14:30 „Mir schreiwe Bréiwer un eis Kolleegen aus der Maison Relais Fliedermais (Projet Joy) mam Jérôme + Christiane (Atelier Créatif)
14:00-16:00 LASEP Cycle 1 mam Lejla + Alex
14:00-16:00 "Mir molen Fënsterbiller fir eis Maison Relais " mam Soraya (Atelier Créatif)
14:20-16:00 „Detox Smoothies“ mam Jérôme (Atelier Resto)
14:20-16:00 „Mir baken Äppeltaart“ mam Christiane (Atelier Taste)
Mëttwoch :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht“ mam Christiane (Atelier Bicherwuerm)
Donneschden :
14:00-16:00 "Fotoprojet“ mam Venancio + Alex
14:00-16:00 „Loss eis bauen“ mam Lejla (Atelier Konstrukto)
14:00-16:00 „Bitte ein Beat : mir maachen eisen eegene Rap“ mam Jérôme (Bicherwuerm/Mediensall)
14:00-16:00 „Mir bastelen fir Fuesent“ mam Ramka (Atlier Creatif)
Freiden :
12:00-14:00 "Just Dance – Komm an danz mat „ mam Soraya + Lejla (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 "Film als Oofschloss vun der Woch" (Atelier Freestyle)

Mhmm lecker Kichelcher!
20.12.2018Brouch
Mir hun haut lecker Kreschtdaags kichelcher gebaak!
Dei hun richteg geschmaach☺️
MIr dékoreieren den Beemchen um Escher Krëschtmuart
19.12.2018Lallange
En Donneschden hunn mir mat den Kanner den Beemchen um Escher Krëschtmuart mat onseren gebastelten Konschtwierker verschéinert.
Kanner haaten immenz Spass um dékoreieren an kruuten nach een leckeren Schocki an Churros dobei =)

Wantermaart 2018
18.12.2018Brouch
Dësen ass Dënschdes den 18ten Dezember vu 16:00-19:00 an der Maison Relais Galaxie.
Um Programm stinn e sëlleche Schneekegkeete wéi "Wonder Waffels", klassesch Wäffelcher, Popcorn, Kichelcher, Kuch, Cocktails, Punsch, Softgedrénks. En plus gëtt et allerlee ,vun de Kanner selwer gebastelt Dekoratiounsartikel, déi zum Verkaf stinn. Dëst bei passender, wanterlecher Musek an enger Galaxie-Equipe mat der beschter Chrëschtdagsstëmmung.
Den Erléis geet un d'ASBL vum Escher Kannerkrees
Mir freeën eis op äre Besuch den 18ten Dezember 2018.
TEAM MR GALAXIE
