All News

Mir hun geschter lecker gekacht.
01.02.2019Brouch
Mir hun geschter mam Ramka lecker yugoslavesch Spezialitéiten gekacht & zwa « Pljeskavice » an « Čevapćići »
mhmm lecker!

NOWI CHARTA-Vertrauen
01.02.2019Nonnewisen
De 15. Januar huet di 2.Editioun vun der NOWI Charta an der Schoul stattfonnt. Thema bei dëser Editioun wuar Vertrauen. All Akteur: Kanner, d'Elteren, d'Schoul Personal an di sozio pädagogesch Equipe aus eiser Maison relais hun Hand an Hand zesummengeschafft fir e ganz flotten owend ze verbréngen.
Um Programm:
- Facepainting Atelier
- kreativen Atelier
- Atelier mat Vertrauensspiller
- verschidde Stänn mat Iessen a Gedrénks aus verschidde Kulturen
- Téistand mat Gebäck
- Gesang

Eisen Wochenprogramm 28.01.-01.02. MR GALAXIE
28.01.2019Brouch
Méinden :
12:00-14:00 "lëschtegt Danzen" mam Alex (Atelier Freestyle)
Dënschden :
14:00-16:00 LASEP Cycle 1 mam Jérôme + Ilenia
14:00-16:00 LASEP Cycle 2/3/4 MIR FUEREN SCHLITTSCHONG mam Cathy + Alex + Lejla
14:00-16:00 "Mir molen Fënsterbiller fir eis Maison Relais " mam Soraya (Atelier Créatif)
Mëttwoch :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht“ mam Lejla (Atelier Bicherwuerm)
12:00-14:00 „Mir schreiwe Bréiwer un eis Kolleegen aus der Maison Relais Fliedermais (Projet Joy) mam Jérôme (Atelier Créatif)
16:00-18:00 "Mir maache lecker Orangëjus" mam Ramka (Atelier Taste)
Donneschden :
14:00-16:00 "Upcycling Blummen" mam Sandra (Atelier Créatif)
14:00-16:00 „Bitte ein Beat : mir maachen eisen eegene Rap“ mam Jérôme (Atelier Bicherwuerm/Mediensall)
14:00-16:00 „Mir maache Hamburger Pljeskavice an cevapcici" mam Ramka (Atelier Taste)
Freiden :
12:00-14:00 "Just Dance – Komm an danz mat „ mam Soraya + Lejla (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 "Film als Oofschloss vun der Woch" (Atelier Freestyle)
Storyboard : Eis Bréiffrëndschaften tëschent der MR Galaxie an der MR Fliedermais (Projet vun der éducatrice Joy aus der MR Fliedermais)
25.01.2019Brouch
- Klickt opp STORYBOARD
- Klickt opp DIASHOW ënne rierts am Eck oder klickt uerwe lenks op d'Soundzeechen
- Appuyez sur STORYBOARD
- Appuyez sur DIASHOW ou sur le logo sonor
Jérôme MR Galaxie

Detox Smoothies
24.01.2019Brouch
Dënschdes den 22ten Januar hunn mir zesumme mat eisem Educateur, dem Jérôme Detox Smoothies gemaach. Awer wat ass iwwerhaapt Detox ? Mir hunn dat Wuert nach ni héieren ? An wat huet een dovun ?
Kuerz erkläert : d‘Wuert Detox kënnt aus dem Englesche vum Wuert detoxification an heescht iwwersat „Entgéfftung“.
Soumat soll eise Kierper entgéfft gi vu Stress, wéineg Schlof, ongesonder Ernährung (mat Zocker a Fett) etc.
Et ass och gutt fir eis Organer am Kierper wéi Nieren, Liewer etc.
Des Kéier stoung um Programm een Detox Smoothie ouni Zocker mat Spinat, Kornischong, Banann, Apel, Blooalgen, Orangen, etc.
Als d‘éicht hunn mir sämtlech Zutaten gewisen an erkläert kritt, duerno alles gewäsch, an dunn ass et un d‘Schierlen an d‘Schneide gaangen.
Zum Schluss hunn mir alles gemixt a genoss :)
MR Galaxie


Mir hun en Lampion gebastelt
24.01.2019Brouch
Mir hun fir Liichtmessdaag, eisen eegenen Lampion gebastelt



