Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

Pizza Party mam Ramka

03.07.2018
Galaxy


Desen Dënschden, den 3ten Juli 2018, kruuten mir opp Nofroo eiserseits d'Mëiglechkeet am Atelier Kichen nach emool Pizza selwer ze maachen. Zesummen mam Ramka hun mir heibei als d'ëicht d'Zutaten vum Deeg gemëscht, desen dunn gekniert an ausgerullt. Duerno hun mir semtlech Zutaten fir opp d'Pizza geschnidden an prett gemaach; ëiert et dunn drëms gaangen des opp d'Pizza ze leen. Heibei hun mir natierlech virun allem genuch Këis dropp gemaach ! =)
Zum Schluss hun mir eis Pizza an den Scheffchen gemaach, ëiert mir se dunn nach gudd waarm genëissen konnten.
Well mir zu genuch Kanner an Personal an eiser Maison Relais sin, hun mir net nëmmen eng eenzech MAIS direkt 8 Pizza'en beieneen gebaak. Sou as keen hongereg heem gaangen ! =)

Eisen Wochenprogramm 02.07.-06.07.2018

02.07.2018
Galaxy


Mëinden :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht" mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)

Dënschden :
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1
14:00-16:00 LASEP CYCLE 2+3 "Rallye am Ellergronn" mam Jérôme (+Venancio)
14:00-16:00 "Mir baaken lecker Pizza" mam Ramka (Atelier Kichen)
15:00-16:00 "Summerlech Fantasierees" mam Karin (Atelier Bicherwuerm)

Mëttwoch :
12:00-14:00 "Relaxatioun / Yoga" mam Christiane (Atelier Bicherwuerm)
16:00-18:00 „Spaass am Haff“ mam Jessica + Karin (Atelier Haff)

Donnechden :
14:00-16:00 "sortie pédagogique : Mir gin mam Hond Kenya spazëiren" mam Christiane + Lejla (Atelier Adventure)
14:00-16:00 " Eisen Avengers Atelier Deel 1 Captain America" mam Jérôme (Atelier Konscht)
14:00-16:00 "Veloprojet" mam Cathy + Venancio (Atelier Adventure)

Freiden :
16:00-18:00 "WM Vëirelfinall LIVE" (Atelier Expressioun)
16:00-18:00 "Teamspiller" mam Karin (Atelier Haff)


Eisen WM Mojito (ouni Alkohol) mam Jérôme

29.06.2018
Galaxy


Zesummen mam Jérôme hun mir Donnechdes, den 28ten Juni lecker alkoholfreien Mojito am Atelier Kichen preparëiert. Dest am Kader vum zweeten Deel vun eiser WM Fussballwoch an der Maison Relais Highlander.
Als d‘ëicht waren mir eis Henn matt Seef weschen ëiert et dunn un d‘Aarbecht gaangen ass.
Mir hun ënnert Oppsiicht selbtstennech eng sëllechen Limetten an kleng Stëcker geschnidden. Duerno hun mir des zesummen matt Menthe an brongem Zocker an engem Behellter matt engem „Stampfer“ zermetscht. Sou huet sech den Limettenjus matt der frëscher Menthe an dem brongen Zocker gudd vermëscht. Als final Etapp hun mir Limonad (Sprite) dobei geschott , zesummen matt Eiswürfelen, an mir hun alles gudd gerëiert.
Duerno hun mir et e bësschen dekorëiert, gedronk, genoss, an selbstverstendlech och deenen aaneren Kanner am Haus servëiert =)

WOCHENPROGRAMM 25.06.-29.06.2018

25.06.2018
Galaxy


WM Woch 2

Mëinden :
13:00-13:30 "Ech erzierlen dir eng Geschicht" mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)

Dënschden :
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1 mam Ramka
14:00-16:00 "Mir baaken WM Cupcakes" mam Lejla (Atelier Kichen)
14:00-16:00 "Mir bastlen eisen eegenen Kicker" mam Soraya (Atelier Konscht)

Mëttwoch :
13:00-13:30 "Ech erzierlen dir eng Fussballgeschicht" mam Jérôme (Atelier Bicherwuerm)

Donnechden :
14:00-16:00 "Mir gin mam Hond trëpplen" mam Christiane + Lejla (Atelier Sortie)
14:00-16:00 "Veloprojet" mam Cathy + Jessica (Atelier Sortie)
14:00-16:00 "Mexiko trëfft opp Däitschland - Mir maachen mexikanech Cocktails ouni Alkohol an Uerbstkuch“ mam Jérôme (Atelier Kichen)
14:00-16:00 „Bastelspaas pur“ mam Roy (Atelier Konscht)

Freiden :
16:00-18:00 „Fussballmatch“ (Atelier Haff)


Radio Galaxie 87,6Fm matt der Mme. Mandy Ragni Cheffen vun der Staat Esch zu Gaascht

25.06.2018
Bei de Fliedermais


Haut haten mir Mme. Mandy Ragni Cheffen vun der Escher Gemeng zu Gaascht an huet op all eis Froen geäntwert.

Merci villmools nachengkeier et war ganz flott.



Zweemol an der Woch während der Mëttegstonn hun puer Kanner an den Kevin eng Intern Radio Sendung "RADIO GALAXIE" an der Maison Relais Galaxie.

Während der Sendung bestëmmen d'Kanner weiéng Musek gespillt gëtt an Informéieren hier Kollegen iwwert Aktualitéiten/ Projet'e asw... an der Maison Relais.

D'Sendung gëtt LIVE aus eisem Eenzegaartegen Schalldichten Studio, iwwert all eis Radio'en an der Maison Relais op 87,6 FM ausgestraalt.

RADIO GALAXIE
"Den éischten Internen Maison Relais Radio zu Lëtzebuerg"

Schokopizza mam Jérôme

18.06.2018
Galaxy


Zesummen mam Jérôme hun mir am Atelier Kichen lecker Schokopizza gemaach. Heifir hun mir eist Rezept geholl, semtlech Zutaten zesummen geluecht, eis Henn gewesch, an zack ass et lass gaangen. Als d'éicht hun mir d'Zutaten wëi Mierl, Zocker, Kakao, Waasser, Hierf, Salz, .. oofgemooss an alles zesummen an eng grouss Schossel gemaach. D'Zutaten an der Schossel hun mir matt eisen Henn zu enger Bull Deeg verschafft. Duerno hun mir den Deeg e bësschen am Frigo goen geloss, ëiert mir en ausgerullt hun. Nom Ausrullen hun mir gudd vill Nutella dropp gemaach an allerlee Sëisses. ZUMOOLS GANZ VILL SCHOKOLA. Daat Ganzt hun mir zirka 15 Minutten am Scheffchen baaken geloss ëiert mir eis lecker Schokopizza zesummen giess hun wëi se nach gudd waarm war.

Wochenprogramm 18.06.-22.06.2018

18.06.2018
Galaxy


WM Woch 1 

Mëinden :
13:00-13:30 "Eisen groussen WM Fussballmatch" mam Nadine (Atelier Haff)

Dënschden :
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1 mam Nadine
14:00-16:00 "LASEP CYCLE 2+3 mam Soraya THEMA CAPOEIRA
14:00-16:00 "Mir baaken WM Kuch EDITION 1" mam Karin (Atelier Kichen)

Mëttwoch :
13:00-13:40 "Mir maachen eisen eegenen WM-Fussball" mam Cathy (Atelier Konscht)
13:00-13:30 "Ech erzierlen dir eng Fussballgeschicht" mam Jérôme (Atelier Bicherwuerm)

Donnechden :
14:00-16:00 "Mir bastlen een Fussballterrain" mam Soraya (Atelier Konscht)
14:00-16:00 "Mir maachen eis een brasilianechen alkoholfreien Caipirinha" mam Christiane (Atelier sortie + Atelier Kichen)
14:00-16:00 "Sportquiz" mam Jérôme (Atelier Bicherwuerm)

Freiden :
13:00-13:40 "Mir maachen eisen eegenen WM-Fussball ferdech" mam Cathy (Atelier Konscht)
16:00-18:00 "Mir baaken WM Kuch EDITION 2" mam Karin (Atelier Kichen)


À Table!

15.06.2018


D'Up Foundation huet haut eng Table ronde organiséiert, déi virun der Gemeng stattfonnt huet. Derbäi waren ënnert Anerem de Buergermeeschter Georges Mischo, de Conseil Echevin, d'Responsabel vum Schoulservice (Chantal Schoettert), de Responsabele vun de Maison Relaisen (Laurent Zimmer) a Leit aus verschidde Beräicher (Erzéiung, Konscht, Wirtschaft, ...) Aus deem Treffen si vill flott Iddien entstanen. Am Unhang fannt Dir ee Link mat weider Informatiounen an och vill flott Fotoen.

upfoundation.lu/up-projects/

Eisen Wochenprogramm 11.06.-15.06.2018

11.06.2018
Galaxy


Mëinden :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht" mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)

Dënschden :
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1 mam Ramka
14:00-16:00 "Bastelspaass" mam Karin (Atelier Konscht)
15:00-16:00 "Ech lauschteren dir no" mam Lejla (Atelier Bicherwuerm)

Mëttwoch :
12:00-14:00 "Relaxatioun / Yoga" mam Christiane (Atelier Bicherwuerm)

Donnechden :
14:00-16:00 "Mir maachen SCHOKOPIZZA" mam Jérôme (Atelier Kichen)
14:00-16:00 "Bastelspaass" mam Jessica (Atelier Konscht)
15:00-17:00 "Kulturbauen" mam Venancio (Atelier Chantier/Bauatelier)

Freiden :
16:00-18:00 "Teamspiller" mam Karin (Atelier Haff, bei schlechtem Wierder am Beweegungssall)

Eisen Wochenprogramm 04.06.-08.06.

04.06.2018
Galaxy


Mëinden :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht" mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)

Dënschden :
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1 mam Cathy
14:00-16:00 LASEP CYCLE 2+3 (Mini Foot au Stade Lankelz) mam Nadine
14:00-16:00 "Mir baken lecker" mam Lejla (Atelier Kichen)
15:00-16:00 "Mir erroden Geräischer an schreiwen/zeechnen se op"  mam Jérôme (Atelier Bicherwuerm)

Mëttwoch :
12:00-14:00 "Relaxatioun / Yoga" mam Christiane (Atelier Bicherwuerm)

Donnechden :
14:00-16:00 "Sortie pédagogique PARC LAVAL" mam Cathy + Jessica (Atelier Adventure)
14:00-16:00 "Waasserspiller" mam Soraya (Atelier Haff)

Freiden :
16:00-19:00 : GROUSST SUMMERFEST vun den Maison Relais'en Galaxie & Highlander (Thema ICE CREAM) mat Sprangschlass, Gegrills, Gedrénks, Musek, Spiller, Paangecher, Soft Ice, asw. AN natierlech mat der beschter Stëmmung


Eischt Viregt Nächst Lescht