Colonie "Insenborn" 2019
06.08.2019Méindeg den 22.07.2019 war et esouwäit, d’Kanner sinn mat hiren Groussen Valisen an d’Maison Relais komm an waren voller Virfreed vir op Insenborn an d’Kolonie vir ganzer 4 Nuechten.
De gemëschten Kanner Grupp (Spillschoul bis 6.Schouljoer) goufen vun 4 Educateuren begleet. (Joy, Adelisa, Marisa, Sam)
Et huet sech schnell erausgestallt, dass mir déi richteg Woch erausgesicht hunn vir
mat de Kanner an d’Kolonie ze fueren wann een um Handy d’Meteo vir di ganz Woch gekuckt huet. (Ganz Woch iwwer 35Grad Sonn a Bloen Himmel).
De Wee op den Stauséi, stoung um Dagesprogramm an huet all Dag vir déi passend Ofkillung gesuergt.
Eis Maison Relais huet et sech virun 3 Joer zur Aufgab gemaach, zu Insenborn eng Hütt ze erbauen an bei all Visitt „Kolonie“ gëtt dës Gefléckt a mei Grouss gebaut.
DëseSummer hunn mir aus Paletten Bänken an Dëscher zesummen geneelt a ugestrach vir den passenden Interieur.
Dënschdeg ass Mueres géint 11h00 en Escher Bus ukomm, mat den rechtlechen Kanner aus eiser Maison Relais, net vir do ze-schloofen mee einfach eng Visitt ze maachen an den Dag Zesummen ze verbréngen. Owes géint 16h30 goung et vir déi Kanner nees Heem a Richtung Esch.
Am laf vun der Woch hunn mir den Mohammed kennegeléiert, hien huet eis mat vill gudder Laun den DJEMBE virgestallt, an wat een alles domadder kann maachen.Mam Mohammed hunn mir de ganzen Dag verbruecht an souguer am Enn vum Dag huet hien eis gewisen wie een Afrikanesch Bijou’en op traditioneller Art a Weis hierstellt „d’Kanner waren hell-op Begeeschtert“.
Fazit vun der Woch: Super Meteo, vill Spaass a super Momenter Zesummen verbruecht.
Villmools Merci un d’Equipe vun Insenborn di eis sou super Opgeholl an Verwinnt huet.
Maison Relais Fliedermais
» Fotoen