Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Rollenspillsall

An dësem Sall kënnen d'Kanner Szenen aus dem Alldag oder aus Geschichten a Filmer nospillen. D'Rollespill hëlleft den Kanner hir Welt besser ze verstoen.
 
De Raum ass a sechs funktionell Ecker opgedeelt mat verschidden Themen:
 
Funktiouns Eck 1: D'Famill als Rollespill
Dësen Eck as mat Poppen, engem Stroller, engem Dokter Kit an aner alldeeglech Objeten equipéiert. Dësen Eck erlaabt Kanner sech an d'Roll vun Famill oder Aarbecht eranzesetzen.
 
Funktiouns Eck 2: De Buttek
De Buttek besteet aus engem Comptoir mat enger Keess an engem Regal mat Iessen an Accessoiren, déi d'Kanner kënne kafen. Den "Butik Breedewee" erlaabt den Kanner d'Aarbescht vum Keeseberäich ze imitéieren.
 
Funktiouns Eck 3: D'Kichen
De Restaurant "Kichen Breedewee" besteet aus enger klengen Kichen mat Accessoiren fir ze kachen a baken. D'Aarbescht vun engem Kach, e Restaurant besichen oder d'Iessen doheem virbereeden kann hei op enger spillerescher Manéier nogestallt gin.
 
Funktiouns Eck 4: Musek an Instrumenter
De Musekseck besteet aus engem Koffer mat Museksintrumenter an enger Musekskëscht. Hei kënnen d'Kanner hirer Kreativitéit fräien Laf ginn, hir Talenter weisen a sech artistesch ausdrécken.
 
Funktiouns Eck 5: Den Theater
Am Theatereck ass e klenge Beweegungsberäich deen d'Kanner fir Danzen, Schauspill oder Gymnastik kënnen benotzen. En hängende Spigel erlaabt hinnen hir Beweegungen ze beobachten.
 
Funktiouns Eck 6: D'Verkleedung
Den Verkleedungs Eck besteet aus engem Kleederschaf mat verschiddene Kleeder. Beruff- a Fuesendkostümer ginn hei ugebueden. E passend Miwwelsteck ergänzt dësen Eck.