Infos parents
Kalenner
Neiegkeeten
- Bei de Fliedermais
Bakaktivitéit mam Hatidza
Haut gouf et bei eis richteg lecker!
Eis léif Erzéierin Hatidza huet zesumme mat de Kanner fleißeg Kichelcher gebak. Mat vill Freed, Kreativitéit a klenge fläissegen Hänn si wonnerbar Leckereien entstanen.D’Kanner haten immens vill Spaass beim Ausstiechen an natierlech och beim Schmaachen.
Hei sinn nach e puer flott Andréck vun eiser Bakaktivitéit.
- Bei de Fliedermais
Précoce Maison Relais
Léif Elteren,
dës Woch hate mir ganz vill Gléck mam Wieder, et war meeschtens sonneg a waarm. Dat hu mir natierlech voll ausgenotzt.
Mir hu vill Zäit dobaussen am Haff an op der Spillplaz verbruecht. D’Kanner konnte fräi spillen, laafen, klammen an zesummen flott Momenter erliewen.
Nieft dem fräie Spill hu mir och zesumme kleng Aktivitéiten organiséiert, wou d’Kanner sech kreativ a sozial konnten ausdrécken. Et war schéin ze gesinn, wéi gutt si zesumme gespillt an sech géigesäiteg gehollef hunn.
Mir freeën eis schonn op déi nächst Woch an op weider flott Momenter mat äre Kanner!
- Bei de Fliedermais
Ouschtervakanz Précoce Maison Relais
Léif Elteren,
an de leschten Deeg an der Maison Relais Bruch hunn eis Kanner eng flott an aktiv Ouschtervakanz erlieft.
Mir hunn zesumme vill Aktivitéiten zum Thema Ouschtere gemaach. D’Kanner haten vill Freed beim Ouschtereeër molen, wou si hir Kreativitéit ausliewe konnten. Ausserdeem hu mir e Escher Gaalgebierg Spillplatz besicht, wou si sech richteg austoben an zesumme spillen konnten.
Eng weider flott Aktivitéit war d’Waffele baken. D’Kanner hu mat Begeeschterung gehollef an natierlech och d’Waffele mat vill Genoss geschmaacht.
Mir hatten ganz vill Spaass :-)
