Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Mediensall

De Sall ass mat engem Canapé ausgestatt, enger Bibliothéik mat Bicher an Zäitschrëften, awer och Computeren, iPads an Nintendo. Hei kënnen d'Kanner u Fuerschung fir d'Schoul schaffen, e Buch liesen, Spiller spillen, Musek lauschteren, oder sech einfach zereckzéien fir mateneen ze schwätzen. D'Bibliothéik enthält Liesmaterial zu verschidden Themen fir den Interessi vun de Kanner vun all Alter ze stimuléieren. D'Kanner kommunizéieren vill iwwert d'Medien a verroden dofir automatesch vill iwert hiert Privatliewen: D'Personal mécht hinnen d'Gefore vum Internet an d'Virsiichtsmoossname bewosst. D'Zuel vun de Kanner am Multimedia Sall ass limitéiert op 7 fir d'Rou ze erhaalen an all Kand d'Méiglechkeet ze ginn hier Recherche weiderzeféieren oder sech ongestéiert an hiert Buch ze verdéiwen.