Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Bau a Kreativeneck

Eisen "Bau-Eck" besteet aus zwee oppenen Regaler, e puer Kegel, enger Plattform an zwee Dëscher mat Still. Um éischte Regal ginn et Pabeierbecher, hëlzent Réng, Stréihalem, Rollen fir Schnüren an Woll hierzestellen, Korken, Mosaiksteng, Spillkorn, a kleng Réier. Op deem anere Regal stinn Kappla, Lego, Deeler vun enger Kugelbahn, Holzstécker a Form vun Kreeser oder kleng Placken, souwéi verschidden Holzformen a Pompjeeshelme fir fräi ze benotzen.
 
Déi meescht Materialien kommen aus dem "Centre Formida" an d'Empfänger ginn op déi respektvoll an nohalteg Notzung vun den Ressourcen bewosst gemaach. Dat gëtt de Kanner och erkläert, fir hinnen e gewëssen Ëmweltbewosstsinn ze ginn. De Schwéiwerpunkt hei ass op d'Entwëcklung vun Motor Fäegkeeten an dem kognitiven Beräich. D'Kanner trainéieren hir taktile Perceptioun andeems se déi verschidde Baugeschir beréieren a bewegen. Déi feinmotoresch Fäegkeeten vun den Hänn a Fanger wéi och d'Hand-Aen Koordinatioun ginn hei besonnesch verstäerkt, well d'Empfänger präzis Beweegungen benotzen.
 
Et gi keng Limite fir d'Kréativitéit vun den Empfänger; si kënnen all Komponente placéieren an se benotzen wéi se wëllen. Zum Beispill baue si aus all de verschiddene Materialien eng Buerg zesummen, oder eng Pyramid aus Pabeierbecher, asw.
D'Inklusioun kann och hei stattfannen, well all Elementer fir jiddereen zougänglech sinn. An dësem Raum steet de Prinzip vun der Offenheet am Virdergrond, d'Empfänger kënnen hire Léierwee an hiert Zil fräi bestemmen.
Fir d'Empfänger ze motivéieren, benotze mir hei de Kloerheetsprinzip, Monumenter aus Kappla Bausteng sinn un d'Mauer befestegt, d'Personal kann de Kanner Impulse ginn andeems se hinnen Monumenter oder Fotoe vu Kappla Skulpturen weisen. Si hunn och Zougang zu engem Booklet an deem verschidden Aerte vu Gebaier a Skulpturen presentéiert ginn.
 
De "kreativen Eck" läit nieft dem Bau-Eck. Déi zwee Ecker si vunenee getrennt duerch e Miwwelstëck an engem Dësch. An dësem kreativen Eck fanne d'Kanner eng grouss Varietéit vun Materialien, déi se zu all Moment fräi kënne benotzen. Zwee grouss Dëscher mat Still vervollstännegen dësen Eck.