Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Neiegkeeten

  • Grand Rue

    Wocheréckbléck 29.04. - 03.05.

    Och des Woch stungen rem ganz vill interessant Aktivitéiten um Programm. Ufanks vun der Woch hun Kanner un enger Yoga Aktivitéit deelgeholl. Mat eisen C4 Kanner sinn mer eng Visite vum LGE maachen gaangen. Kanner waren richtech interesseiert. Och stungen erem vill vun eisen Projeten um Programm.

    Zum Schluss vun der Woch konnten Kanner dann profiteieren, un enger Coiffeur Aktivitéit deelzehuelen. Sie hun sech wei an engem richtechen Coiffeursalon gefillt an waren begeeschtert vum Endresultat.


  • Grand Rue

    Wocheréckbléck 22.04. - 26.04.

    En klengen Réckbléck vun deser Woch. Dei grouss Talentshow Finall stung um Plang an mam Aridane an William huet eisen Gesangsduo gewonnen. Den Highlight vun der Woch war awer d´Visitt vun der Schoulfoire. Kanner konnten profiteieren un den ennerscheedlechen Stänn hier Froen ze stellen. Kanner waren och erem ganz kreativ ennerwee an konnten dest beim Bauconcours enner Beweis stellen. Eng kleng Zesummenfaasung kennt der op den Fotoen gesinn.


  • Grand Rue

    Wocheréckbléck 15.04. - 19-04.

    Hei ass en klengen Iwwerbléck iwwert eis Aktivitéiten, dei des Woch an eiser Maison Relais stattfonnt hunn. Niewend Bewegungsspiller wei Zombieball, Yoga, Loup Garou, Mathé Ball an Letz Move konnten Kanner och hier Kreativitéit erem enner Beweis stellen beim Gif zeechnen, Kappla an Lego bauen oder bei den Farwen Experimenter. Verschidden Projeten sinn och duerchgefouert gin. An der Talentshow kommen mer sou lues zum Schluss wou des Woch d´Halleffinall um Plang stung. 4 ganz talenteiert Gruppen an Sänger/-innen hun et an dei grouss Finall gepackt, dei nächst Woch stattfennt.


  • Breedewee
    Grand Rue

    Aktivitéitenplang - Ouschtervakanz

    Léif Elteren,

    Hei gesidd dir den Aktivitéitenplang fir d'Ouschtervakanz an den Aktivitéitenplang fir den Bëschcamp an der Waldschoul.

    D'Equipe vum Breedewee an der Groussgaass wënscht ierch schéin Ouschteren!


  • Breedewee
    Grand Rue

    Aktivitéitenplang - Fuesvakanz 2024

    Léif Elteren,

    Hei gesidd dir den Aktivitéitenplang fir d'Fuesvakanz 2024.

    Mir wënschen ierch eng schéin Vakanz !

    D'Equipe Breedewee & Groussgaass


  • Breedewee
    Grand Rue

    Plan d'activités pour les vacances de Noël 2024

    Léif Elteren,

    hei gesidd dir den Aktivitéitenplang fir d'Chrëchtvakanz 2024.

    Mir wënschen ierch schéin Feierdeeg an en gudden Rutsch an daat neit Joer !


Nächst Lescht