Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Restaurant

Während den Ëffnungszäiten vum Restaurant gëtt de Sall nëmme fir d'Iessen benotzt. Wann de Restaurant zou ass, gëtt de Sall benotzt fir Gesellschaftsspiller ze spillen oder nei Erfahrungen am Fuerschungseck ze kréien. D'Kanner kënne sech um Iessbuffet hëllefen; deen aus Zaloten, verschidde waarm Paten an Uebst/ Dessert besteet. D'Educateuren suergen dofir, datt all Kand e equilibréiert Iessen zou sech hëllt.
 
D'Kanner hunn eng fräi Wiel vu Plazen un engem vun den dräi Dëscher a kënne selwer entscheeden, wiem se niewedru sëtze wëllen. Si hunn och d'Wiel, ob se an der éischter Ronn oder zweeter Ronn iessen wëllen. Doduerch entsteet e groussen sozialen Austausch, an deem d'Kanner ennert aanerem och Spaass hunn sech an hirer Mammesprooch ze ennerhaalen.
 
An eisem Restaurant sinn 22 Plaze fräi, déi op dräi grouss Dëscher verdeelt sinn. D'Iessen gëtt Méindes, Mëttwochs a Freides vun 12h15 bis 13h15 an 16h15 bis 17h00 servéiert, an Dënschdes an Donneschdes vun 12h50 bis 13h50 an 16h00 bis 16h45.
 
Virum Iessen ginn d'Kanner drun erënnert, hier Hänn ze wäschen ier se hiren Dësch autonom decken. Nom Iessen muss all Kand seng Plaz botzen an hir Telleren a Besteck op en Déngschttrolley setzen, sou datt dat nächst Kand eng propper Plaz remfënnt. Dofir gi d'Kanner mat Eemer vun Wäschflëssegkeet, engem Lappen an enger Serviette versuegt.
 
D'Besteck an d'Telleren souwéi d'Handdicher sinn an zwee Schief am Raum. All dëst bedeit datt d'Autonomie vun den Empfänger gestäerkt gëtt.