Experimentensall
Eisen Experimentesall
An eisem Experimentesall wëlle mir d'Wëssensgier an d'Virwëtz vun de Kanner fir d'Wëssenschaften erwächen an hinnen d'Méiglechkeet ginn, d'Welt ronderëm si duerch verschidden Experimenter an Aktivitéiten z'entdecken. Eist Zil ass et, hinnen en inspiréierend Ëmfeld ze bidden, an deem si observéieren, ausprobéieren, experimentéieren an ënnerschiddlech Phenomener op eng spilleresch a konkret Aart a Weis verstoe kënnen.
Déi ugebueden Aktivitéiten ëmfaasse verschidde wëssenschaftlech Beräicher, vun Experimenter mam Waasser bis hin zur Entdeckung vum mënschleche Kierper a senge verschiddenen Organer. Esou kënnen d'Kanner villfälteg Themen entdecken, Froen stellen an op déi eege Manéier no Äntwerte sichen.
E Raum fir wëssenschaftlech Entdeckungen an Experimenter
D'Léiere vun de Wëssenschafte baséiert virun allem op dem prakteschen Erfuerschen an Ausprobéieren. D'Kanner ginn dozou encouragéiert, verschidde Materialien ze manipuléieren, kleng Experimenter duerchzeféieren an d'Resultater genee ze beobachten.
Duerch Experimenter mam Waasser kënnen si zum Beispill verschidden Eegenschafte vum Waasser entdecken, physikalesch Phenomener besser verstoen an beobachten, wéi sech verschidde Materialien an ënnerschiddleche Situatioune verhalen.
Och d'Entdeckung vum mënschleche Kierper ass e wichtege Bestanddeel vun dësem Raum. D'Kanner kënnen hire Kierper besser kenneléieren, verschidden Organer entdecken an op eng altersgerecht Aart a Weis verstoen, wéi dës funktionéieren a wéi wichteg si fir eise Kierper sinn.
Eise pädagogeschen Usaz baséiert op aktivem Léieren an dem Entdecke mat den eegene Sënner. Mir encouragéieren d'Kanner, Hypotheesen opzestellen, Froen ze stellen, verschidde Saachen auszeprobéieren an d'Resultater opmierksam ze beobachten. Esou kënnen si hir Iddie mat hiren Observatioune vergläichen, feststellen, datt net all Experiment direkt dat erwaart Resultat bréngt, an zesummen no neien Erklärunge sichen.
Feeler gehéieren dobäi zum Léierprozess. Si bidden de Kanner d'Méiglechkeet, nozedenken, hir Iddien ze iwwerdenken an nei Weeër ze fannen. D'Educateure begleeden si bei hiren Entdeckungen, fërderen hiert Nodenken a ginn hinnen Ënnerstëtzung, ouni hinnen ëmmer direkt d'Äntwerten ze ginn.
Duerch dës Erfarunge ginn ënner anerem d'Virwëtz, d'Beobachtungsfäegkeet, dat logescht Denken, d'Konzentratioun an d'Problemléisungsfäegkeet gefërdert. Gläichzäiteg ginn och d'Selbststännegkeet, d'Kreativitéit an d'Freed um Léiere gestäerkt.
E Raum fir Entdeckungen ze deelen an ze weisen
Nieft de wëssenschaftlechen Aktivitéiten déngt dëse Raum och als Ausstellungsfläch, op där d'Kanner hir Aarbechten a Projeten, op déi si besonnesch houfreg sinn, presentéiere kënnen.
Dobäi kann et sech ëm Resultater vu wëssenschaftlechen Experimenter, verschidde Projeten, Zeechnungen, Skizzen, Konstruktiounen oder aner Aarbechte handelen, déi am Kader vun hiren Entdeckunge entstane sinn.
Dëse Raum bitt de Kanner d'Méiglechkeet, hir Aarbechten ze weisen, hir Observatiounen ze erklären an hir Erfarungen a Kenntnisser mat anere Kanner, den Educateuren an de Visiteuren ze deelen.
Dës Unerkennung dréit dozou bäi, hiert Selbstvertrauen an hiert Selbstwäertgefill ze stäerken. Gläichzäiteg léiere si, hir Aarbechten ze presentéieren, hir Iddien ze erklären an hir Entdeckunge mat aneren ze deelen.
Dobäi leeë mir net nëmmen op dat fäerdegt Resultat Wäert, mee och op déi verschidde Schrëtt, déi dozou gefouert hunn: déi éischt Froen, d'Hypotheesen, d'Experimenter, d'Observatiounen an déi gewonnen Erkenntnisser.
E Raum fir zesummen ze léieren an d'Virwëtz ze fërderen
Wëssenschaftlech Aktivitéite bidden de Kanner och vill Méiglechkeeten, zesummen ze schaffen. Si kënnen a klenge Gruppen experimentéieren, hir Iddien austauschen, hir Observatioune matenee vergläichen an zesummen no Äntwerten op hir Froen sichen.
Dës gemeinsam Erfarunge fërderen den Austausch vu Wëssen, d'Zoulauschteren, d'Zesummenaarbecht an de Respekt virun den Iddie vun aneren. All Kand kann seng eege Bäiträg leeschten an entdecken, datt verschidde Weeër an Iddien dozou bäidroe kënnen, e Phänomen besser ze verstoen.
Den Experimentesall kann och als Plaz genotzt ginn, fir sech mat verschiddenen Themen auserneenzesetzen, Informatiounen ze sammelen oder nei Projeten ze preparéieren. Esou kënnen d'Kanner Themen, déi hiren Interessi erwächen, méi genee ënnersichen an hir Kenntnisser verdéiwen.
E Raum fir Virwëtz, Entdeckungen a Léieren
Eist pädagogescht Zil ass et, de Kanner d'Freed um Entdecken, Verstoen an Erfuersche vun der Welt ronderëm si méi no ze bréngen. Mir wëllen hinnen d'Méiglechkeet ginn, hire wëssenschaftleche Virwëtz ze entwéckelen an duerch Experimenter, Observatiounen an eegent Nodenken ze léieren.
Duerch dëse Raum sollen d'Kanner entdecken, datt d'Wëssenschaften net nëmmen aus theoreteschem Wëssen bestinn, mee en Deel vun hirem Alldag sinn an op eng konkret, spannend a spilleresch Aart a Weis erfuerscht kënne ginn.
Esou wëlle mir eisen Experimentesall zu engem richtegen Entdeckungs- a Léierraum maachen, an deem all Kand seng Froen stelle kann, an engem ugepasste Kader fräi experimentéiert, säi wëssenschaftlecht Denken entwéckelt an d'Freed um Léiere fir sech entdeckt.
