Passer au contenu principal Passer au menu principal

Science-Eck


Eise Science-Eck erméiglëcht Experimenter, Lernprozesser an technëch/wëssenschaftlëch Erfahrungen vun aller Form. 
Mir stellen den Kanner „Entdeckungs-plateau’en“ an „Experimentatiouns-Plateau’en“ iwert eng onbestëmten Zait an op fraien Zougang zu Verfügung. D’Kand kann experimentéieren an testen an sëch dobai déi Zait huëlen déi et brauch. D’Ekipp passt déi Plateau’en individuell un fir d’Interessen, d’Motivatioun an d’Neugier vun den Kanner ze garantéieren. Duerch déi Plateau’en léieren d’Kanner e Modell ze reproduzéieren, Mengen ze moossen, souwéi och Kierperdeeler an déi 5 Sënn ze entdecken.