Kreativsall
Eisen Holzeck – Wierkraum
Eisen Holzeck bitt de Kanner d'Méiglechkeet, mat dem Naturmaterial Holz ze schaffen an éischt Erfarungen am Beräich vum Handwierk ze sammelen. De Raum ass esou ageriicht, datt d'Kanner jee no Alter, Interessen a Fäegkeeten verschidde Materialien an Handwierksgeschir ausprobéiere kënnen.
Am Mëttelpunkt vum Raum stinn dräi Wierkbänken, un deenen d'Kanner individuell oder a klenge Gruppen u verschiddene Projetë schaffe kënnen. Si kënnen hei bauen, bastelen, experimentéieren, reparéieren oder hir eegen Iddien ëmsetzen. Dobäi ass et eis wichteg, de Kanner genuch Fräiraum ze ginn, fir selwer kreativ ze ginn an och eegen Léisungen ze fannen.
Beim Schaffe mat Holz léieren d'Kanner verschidde Materialien, Techniken an Handwierksgeschir kennen. Ënnert pädagogescher Begleedung kënne si entdecken, wéi aus enger éischter Iddi Schrëtt fir Schrëtt e konkrete Projet entsteet. Si léieren dobäi, Pläng ze maachen, Aarbechtsschrëtt ze iwwerleeën an hir Iddien no an no ëmzesetzen. Feeler ginn als Deel vum Léierprozess ugesinn a bidden d'Méiglechkeet, nei Léisungen ze sichen an aus den eegenen Erfarungen ze léieren.
D'Aarbecht am Holzeck ënnerstëtzt dobäi verschidde Kompetenzen. D'Kanner trainéieren hir Feinmotorik an Hand-Aen-Koordinatioun, stäerken hir Konzentratioun an Ausdauer a léieren, méi selbststänneg ze schaffen. Gläichzäiteg ginn Kreativitéit, Fantasie a Problemléisungsfäegkeetengefërdert. Duerch dat praktescht Schaffe kënnen d'Kanner direkt erliewen, wéi hir Iddien a konkreten Objeten ëmgesat ginn.
Och d'Zesummenaarbecht huet am Holzeck eng wichteg Bedeitung. D'Kanner kënnen sech géigesäiteg ënnerstëtzen, Material deelen, Iddien austauschen a gemeinsam u Projetë schaffen. Dobäi léiere si, Verantwortung ze iwwerhuelen, Ofsproochen ze treffen an openeen ze lauschteren.
Eis pädagogesch Begleedung ass dobäi virun allem dorop ausgeriicht, d'Kanner ze ënnerstëtzen, ouni hinnen d'Léisung virzeginn. Mir wëllen hinnen d'Méiglechkeet ginn, selwer ze entdecken, auszeprobéieren an ze erliewen: „Ech kann eppes mat mengen eegenen Hänn erschafen.“
Eise Kreativraum
Eise Kreativraum ass momentan nach am Opbau. Eist Zil ass et, e gemittlechen, agreablen an inspiréierende Raum ze schafen, an deem d'Kanner genuch Plaz a Fräiheet hunn, fir kreativ ze ginn, nei Saachen auszeprobéieren an hir eegen Iddien ze verwierklechen.
De Raum soll de Kanner verschidde Méiglechkeete bidden, fir mat ënnerschiddleche Materialien an Techniken ze experimentéieren. Ob molen, zeechnen, schneiden, pechen, bastelen, bauen oder mat verschiddene recycléierte Materialien schaffen, d'Kanner sollen d'Méiglechkeet hunn, hir Fantasie fräi z'entfalen an hir eege kreativ Weeër ze fannen.
Dobäi steet net ëmmer dat fäerdegt Resultat am Mëttelpunkt. Villméi geet et ëm de kreative Prozess: d'Kanner sollen ausprobéieren, entdecken, experimentéieren an och emol eppes maachen, wat net direkt esou funktionéiert wéi geplangt. Esou léiere si, mat Feeler ëmzegoen, nei Iddien ze entwéckelen an hir Projeten no hiren eegene Virstellungen unzepassen.
De Kreativraum soll eng Plaz sinn, an där d'Kanner sech fräi ausdrécke kënnen, hir Interessen entdecken an Vertrauen an hir eege Fäegkeeten entwéckelen. Duerch d'kreativt Schaffe ginn ënner anerem Fantasie, Kreativitéit, Feinmotorik, Konzentratioun, Selbststännegkeet an Ausdauer gefërdert.
Gläichzäiteg bitt de Raum Méiglechkeete fir gemeinsam Projeten. D'Kanner kënnen zesumme plangen, Iddien austauschen, sech géigesäiteg inspiréieren an zesummen eppes gestalten. Esou gëtt de Kreativraum net nëmmen zu enger Plaz fir ze bastelen, mee zu engem Raum fir entdecken, experimentéieren, léieren an zesummen ze gestalten.
