En Quiz...oder just en Reminder?
07.07.2021No engem langen Schouljoer, no harden Corona Emstänn, no engem Maison Relais Wiessel...kann et mol virkommen,dat een eng gewessen "Etiquette" verleiert oder einfach mol vergesst.
Wei also eis Kids un dei prinzipiell Maneieren, dei usech selbstverständlech sollten sinn, erenneren?
Ma einfach spilleresch mat engem Quiz, an welchem den Basic vum Basic mat Helef vun Multiple Choice Froen opgefrescht sollt ginn.
Grondsätzlech Froen, op dei all Kand dei "sozial richteg" Aentwert, normalerweis sollt hunn.
Virgangen sinn mer an 3 Gruppen zu jeweils 4-5 Kanner.
All Kand konnt ufänglech fir sech individuell d'Froen beäntwerten an dono sinn se innerhalb vun der Grupp opgeschafft an thematiseiert ginn.
Eng ganz erstaunlech Conclusioun vun deem Ganzen: D'Kanner hunn usech all dei "verstänneg" Aentwerten ugekreitzt. Zumols dei Kanner, dei heiandsdo deen een oder aaneren Messel mat genau deenen sachen hunn.
Op d'Nofroo: Virwaat dann verschieden sozial Regelen, obwuel bekannt, munchmol ignoreiert ginn, koum dun leider keng Aentwert mais oftmols just en deckt Laachen op den Gesieter.
Et kann een also dovunner ausgoen, dat Kanner sech bewosst sinn, wann se mol donierft schloen mat den Regelen aus dem Fait, dat et dann awer nemmen Kanner sinn, sech mol gären virun hieren Kolegen profileiren wellen oder halt gaeren daat Katz an Maus Spill mam Personal wellen hunn. Ganz ouni, wier et jo och langweileg:-)
» Fotoen