Passer au contenu principal Passer au menu principal

Précoce Maison Relais

23.01.2026

Léif Elteren,

mir hatten eng flott Woch an der Maison Relais verbruecht.

Ronderëm d’Thema Fuesent hu mir zesumme gebastelt an vill faarweg a kreativ Saache gemaach. Mir hu mat Plastilin gespillt, wou d’Kanner hir Fantasie ausliewe konnten. An der Museksstonn hu mir Musek Instrumenter kennen geléiert, a Musek gemaach, Kanner hatten richteg vill Spaass dobäi. Natierlech war och genuch Zäit fir fräit Spillen, wou d’Kanner selwer entdecke konnten a matenee gespillt hunn. Tea Time war och eng richteg flott Erfahrung fir eis Kanner.

Mir freeën eis op eng nei spannend Woch mat Äre Kanner.






» Fotoen