Colonie Ënsber
17.02.2020An der Fuesvakanz (17-19/02/2020) waren d'Kanner vun de Spillschoulsgruppen Robin Hood an Peter Pan mam Martine a mam Jessica op Ënsber an d'Colonie.
Méindes:
Mer sinn wéi ëmmer härzech empfangen ginn.D'Kanner krutten d'Erklärungen zum Fonctionnement souwéi mer Erwuessener och.Nom Mëttegiessen hatten mer eng Aktivitéit mat Klangschosselen mat enger Geschicht.D'Kanner konnten vill a gutt mat maën an hunn dat ganzt och richteg flott fonnt. No der Aktivitéit sinn mer raus spillen gangen. Eist Owesiessen waren Croque-Monsieur déi ganz gutt ukomm sinn. Mat gutt gefëllte Bäich ass ët dunn an d'Douche an duerno an d'Bett gangen. Fir besser anschlofen ze können, hu mer de Kanner eng Entspannungsmusék ugema.
Dënschdes:
D'Kanner hatten ronn 12 Stonne geschlof an waren mueres monter a fit fir an den Dag ze starten. No engem gudde Frühstück sinn mer riwwer op Lëlz getrëppelt an sinn do e bëssen duerch de Bësch gejauwt an mer hunn Sténg an d'Wasser geheit. Wel sou ee gudden Tour awer och hongreg mëcht, sinn mer op de Mëttesdësch gangen wou mer all zesummen gutt giess hunn. Et huet ee gemierkt wéi gutt de Kanner dat zesummen Iessen deet wou keen de besoin huet sëch ze hetzen fir nëmmen séier spillen ze können.
Nom Mëtteskascht hatte mer eng Stonn Kanneryoga. Och héi war den Interessi grouss an jiddereen huet sëch gutt druginn an mer hunn vill Spaass gehatt.
Duerno si mer rëm eraus spillen gangen an hu lang vum gudde Wieder profitéiert. Als Owesiessen guff ët Schmieren an Life-Showcooking-Crêpes. Nodeems jiddereen sëch gutt satt giess huet, war ët alt nees Zäit sëch bettfärdeg ze maën. Dës Kéier hatte mer nët nëmmen Entspannungsmusék mais och eng Geschicht fir ze schlofen op Ufro vun engem Kand gezielt.
Mëttwoch:
No engem weider zolitten 12 Stonnen Schlof, ass dann all Kand gutt ausgerouht erwächt. Nodeems mer all eis Valisen gepackt an d'Better zesummen ofgezunn hunn, si mer frühstücken gangen. Duerno stung nees ee flotten Spadséiergang um Programm. Dës Kéier sinn mer zu Ënsber bliwwen an och rëm rof bei d'Wasser gangen fir nees Sténg an d'Wasser ze geheien. No eisem flotten "Muerensport" war ët nees Zäit fir op de Mëtteskascht. Soubal mer all gutt verwinnt ginn sinn an de Bauch voll hatten, hu mer nach profitéiert fir raus ze goën, dass d'Kanner sëch austoben konnten a nach Sonn ze tanken.
Wou ët dunn bis Zäit war heem ze fueren, hu mer nach der Équipe vun Ënsber Merci an Äddi gesot.
Mer hatten eng richteg flott Zäit an baal all Kand war sëch sëcher dat nach emol widderhuelen ze wëllen.
» Fotoen