Passer au contenu principal Passer au menu principal

Colonie été 2017

25.10.2017

Den Cycle 1 vum Spillhaus war am August 3 Deeg op Ënsber vum 21-23 August 2017.
Insgesamt 8 Kanner (5 Meedecher an 3 Jongen) an 3 Erzéiher.

Den 21.8.2017 sin mer zesummen matt 2 Camionetten a Richtung Norden gefuer. Ziel war Colonie zu Ënsber. Dat sollt den Héichpunkt vun dësem Schouljoër gi an eis Erwaardungen waren grouss.
Mëttes ukomm gouffen mer vun engem super frendlechen an professionellen Team begréisst an an all d'Regelen an Aventuren di na kommen sollten agewisen. Am Bësch, um Stauséi oder op der Spillplaatz sollten sech vill Méiglechkeeten ergin. Hei sollen sech Naturerfahrung, Emweltbewosstsin an Spass matteneen verbannen. Nom Mëttegiessen konnten mer gestärkt an den mëtten ranstarten. Mam Julie, enger léiwer an uertskënneger Studentin hun mer eis éischt Wanderung um Skulpturenwee gema. Matt gesichten Wanderbéngelen an der Sonn am Gepäck hun mer eis op den Wee fir Natur an Konscht ze erkunden. Mär hun Zäit zesummen genoss fir Friichten vum Bësch ze schmaachen an d'Schätz vum Bësch ze entdecken (z.B. Champignon'en). All Kanner waren motivéiert an entspaant an sin zu klengen Detektiven mutéiert, di Natur matt den klengen an groussen Bewunner aus dem Bësch ennert Loupe geholl hun. Am spéiden Nomëtten hu mer eis op den Réckwee an eis Behausung gema, eis kleng Bëschfuerscher waren ganz midd. Hei huet eis en léiw gedeckten Owesdësch erwaard, wou mer eis richteg wi eng kleng Famill gefillt hun, waat nemmen an enger Colonie méiglech as, well een do em d'Auer beieneen ass.

Gutt ausgeschloof an matt engem leckeren Frühstück am Bauch konnten sech d'Jongen an d'Meedercher op der riiseger Spillplaatz nierwt dem Haus sou richteg austoben. Bei Topwierder stung géint der mëtten en Picknick an der fräier Natur um Programm. Dat ganzt Team an hieren super Kach hun eis en leckert Iessen zervéiert, net weit weg vum Stauséi. Eng kleng Oofkillung fiir am Waasser souwéi Erausfuederung matt den Steng and Waasser ze schéissen dat se driwer fléihen huet den Kanner super gefall. Ugespornt durch den David eisen Erzéiher gouff doraus eng Kompetitioun, wen am weitsten schéissen kann. Zesummen mam Laurence eiser Guidin dem Laurence sollten eis dun eng opreegend Aventure an spannend Beobachtungen am Bësch erwaarden. Bei den Spiller as den Kanner hier Fantasie ugereegt gin an et gouff vill Méiglechkeetn op Entdeckungsrees ze goen. Sie sin den Geräischer nogejoot an hun den Doft vun den Pflanzen kennengeléiert. Matt vill neien an spannenden Saachen am Kapp, sin mer zréck gefuer fir eis Energie opzelueden an eis ze stärken fir eist Lagerfeier. Hei gouffen Marshmallows un engem Bengel iwert Feier gehaal. Den Kanner huet et geschmaacht an verschiddener hun sou och hier Angscht virum Feier verluer. No engem flotten zweeten Dag sin mer alleguer  wéi Murmeldéieren ageschloof. Den leschten Dag sin mer 2 Stonnen mam Solarboot um Stauséi gefuer. Hei gouff eis Geschicht iwert dat gréisst  lëtzebeuer Drénkwaassergebitt geziel an maer sin Interessantes iwert den Stauséi an Emgéigend gewuer gin. Kanner hun vill geléiert an konnten sech fräi um Boot hin an hier beweegen. Matt Fernglieser hun se Emgéigend konnten beobachten. Eng leschte Kéier gouffen mer bekacht, éier mer am fréien Nomëtten eist Highlight vun der Kolonie haaten.... Bie sou waarmen Temperaturen dierf natirlech keen Waaserspill fehlen. Den carlo huet den Kanner eng rieseg Wasserrutsch ausgleuet, wou Kanner iwert en Plastik konnten rutschen. Domatt hun se sech super ameséiert an ausgepowert. Leider geet all schéin Zäit eng Kéier op en Enn an maer hun eis missen faerdeg maachen fir heem ze fueren. Alles and Camionetten gepaak as et Richtung Esch gaangen. Géint 18.00 waren mer zréck am Parc Laval wou Elteren schon op Kanner gewaard hun. Et war eng super schéin Zäit an wéi an der Vakanz. Maer freen eis op di next Kolonie.


» Fotoen