DIY: Flowers made out of Paper
29.11.2019Fir eng méi frëndlech an faarwëg Dekoratioun an ons Maison Relais ze brèngen, bastelen mir aus Servéiten Blummen. Dës ginn an engem zweeten Schrëtt gefierwt an schlussendlech zu engem Bouquet oder Arrangement zesummengefügt. Am Détailtext fannt dir d'Schrëtt fir Schrëtt Unleedung mat allen Fotoen vun den eenzelnen Etappen. Vill Spaass beim nomaachen!
Dir braucht fir d'Blumm:
- Pabéiersservéiten oder Nuesnappëscher
- Droht oder Schnouer
- Schéier
- Gedold
-Fangerspëtzengefill
Fir d'Fierwen:
- Wasserléislech Faarw (Wasserbaséiert Tënt, Seidenmolfaarw, Gouache staark verdënnt, Wasserfaarwen, Tënt aus Tuschen oder Textmarker, etc. villes ass méiglech an gëtt aaner Resultater)
- Pippetten oder alternativ mam Pinsel oder firsiichtëg zappen
- Becher fir d'Faarw ze mëschen an als Container
1) Als éischt huelen mir éis Servéit an mir faalen se auserneen, schneiden se dann an Véier gläich grouss Stècker.
2) Dës Stecker lëen mir openeen an mir faalen se am Zick Zack zu enger dënner Sträif zesummen.
3) Mir emwècklen dës Sträif an der Mëtt mat Droht an faalen d'Servéit als Putsch auserneen.
4) Mir léisen firsiichtëg all eenzel Pabéierschicht vuneneen an mir diebbelen déi no uewen hinn. Bei dëser Etapp ass Gedold an FFangerspëtzengefill gefroot.
5) Wann mir dës Etapp op beiden Säiten gemaach hunn, hunn mir ons Blumm schonn färdëg.
6) Fir ze fierwen, fëllen mir onsen Becher mat Waasser an träuffelen ons Tënt dran bis mir den gewënschten Faarwtoun erreecht hunn.
7) No gudden Mëschen vun der Faarw loossen mir ons Blumm fir d'éischt no ennen hänken an träuffelen firsiichtëg Drëpps fir Drëpps d'Faarw op d'Servéit.
8) Et ass wichteg d'Servéit d'Faarw opsaugen ze loossen an nëmmen Drëpps fir Drëpps ze fierwen. Gëtt d'Blumm zevill naass behällt se hier Form nët an fällt an sech zesummen, waat d'Resultat manner erfrëelech mëscht.
9) Nodeems mir d'Ennersäit vun der Blumm ganz gefierwt hunn, dréinen mir d'Blumm ëm an fierwen d'selwegt d'Blumm vun bannen no baussen bis d'Blumm esou ausgesäit wéi mir ons daat wënschen.
10) Mir hänken d'Blumm enzwoueg op, am einfachsten op eppes wéi eng Wäschlèngt, an mir loossen se drechnen.
Bei der Fotosréih ass d'Blumm just mat engem Faarwtoun trätéiert ginn. Dir kënnt och Faarwen mëschen, Musteren probéieren dran ze brengen oder verschidden verdënnt Faarwen brengen verschidden intensiv Fierwungen erfier. Loosst ärer Fantasie fräien Laaf! Vill Spaass! ;)
» Fotoen