Passer au contenu principal Passer au menu principal

Précoce Maison Relais

19.12.2025

Léif Elteren,

dës Woch hu mir eng flott an ofwiesslungsräich Zäit an der Maison Relais verbruecht. Mir hu zesumme verschidde Gesellschaftsspiller gespillt, bei deenen d’Kanner vill Freed haten a spillerech d’Zesummeliewen an d’Reegelen geüübt hunn.

Bei guddem Wieder ware mir baussen am Haff, wou d’Kanner sech fräi beweege konnten, gespillt a sech ausgetob hunn. Ganz kreativ gouf et bei eiser Bastelaktivitéit, bei där d’Kanner mat vill Begeeschterung gebastelt hunn.

E besonnesche Moment war eis gemeinsam Tea Time, wou mir an enger roueger Atmosphär zesumme gesiess hunn. Ausserdeem hu mir vill Geschichten erzielt a virgelies, déi d’Fantasie vun de Kanner ureegt hunn.






» Fotoen