DIY: Tabletop Game Pt.2
27.11.2019Zanter deems d'Grondidee entwèckelt gouf, huet sech d'Panzerspill konkretiséiert. Elo sinn d'Spillfiguren gemach ginn, mat der Päschpistoul gouf een Sockel un déi eenzel Figuren unbruecht, d'Spillfeld gouf per Hand an Quadrater vun 2x2cm angedeelt, d'Spillregelen goufen konzipéiert, Testläf vum Spill hunn stattfonnd an elo sinn zum Schluss nach eenzel individuel Elementer wéi Wasser, Brècken, Bierger, Sand, etc. als Terrain dobai komm, déi d'Spill méi schwiereg an ofwiesslungsräich gestalten sollen. D'Basisspill steet an ass prett gespillt kënnen ze ginn. Gudd geschafft dir jonk Léit!
» Fotoen