Passer au contenu principal Passer au menu principal

Précoce Maison Relais

17.04.2026

Léif Elteren,

dës Woch hate mir ganz vill Gléck mam Wieder, et war meeschtens sonneg a waarm. Dat hu mir natierlech voll ausgenotzt.

Mir hu vill Zäit dobaussen am Haff an op der Spillplaz verbruecht. D’Kanner konnte fräi spillen, laafen, klammen an zesummen flott Momenter erliewen.

Nieft dem fräie Spill hu mir och zesumme kleng Aktivitéiten organiséiert, wou d’Kanner sech kreativ a sozial konnten ausdrécken. Et war schéin ze gesinn, wéi gutt si zesumme gespillt an sech géigesäiteg gehollef hunn.

Mir freeën eis schonn op déi nächst Woch an op weider flott Momenter mat äre Kanner!






» Fotoen