
Précoce Maison Relais
20.03.2026Léif Elteren,
dës Woch an der Maison Relais hu mir déi schéi sonneg Deeg richteg genoss. Mir waren vill dobaussen an hunn zesumme gespillt an d’Natur entdeckt.
Nieft de flotten Aktivitéiten dobaussen hu mir och eng gemittlech Tea-Time zesummen gemaach, wou d’Kanner sech entspaant hunn. Dobannen hu mir gemoolt a verschidde Gesellschaftsspiller gespillt, wat vill Freed gemaach huet an d’Zesummespill gefërdert huet.
Mir freeën eis schonn op déi nächst Woch mat Äre Kanner!
» Fotoen
