Passer au contenu principal Passer au menu principal

Radio Babbel um Escher Kulturlaf 2019

27.09.2019

RADIO BABBEL - ESCHER KULTURLAF Spezial Emissioun (elo lauschteren)

Säit villen Joren organiséiert Staat Esch den Escher Kulturlaf, souwéi och dëst Joer an dat genee op den 7ten September 2019.

Vill Leit hunn sech um Belval versammelt beim Depart, sief vir selwer mat ze lafen oder och seng Kollegen a Bekannten unzefeieren. Ënnert deenen bal 2000 Leefer hunn sech dann och d’Anais an den Kevin vum Radio Babbel erëmfonnt, net vir ze moderéieren mee vir selwer un dëser flotter Course deel ze huelen.

Awer elo mol alles op Ufank, d’Anais an den Kevin vum Radio Babbel sinn bekannt dofir sech geigenseiteg „am positiven wuel gemierkt“ op d’Schëpp ze huelen wärend hirer Emissioun am Radio.

Sou ass et och zoukomm dass de Kevin op di Super Idee komm ass  d’Anais vir den Escher Kulturlaf unzemellen an daat net ganz fräiwëlleg, d’Anais gehéiert éischter zu deem Prozentdeel Leit di um Bord vun enger Course eng Glace iessen anstatt wëllen selwer mattzelaafen =) .

Hat ass alles aneschtes als Sportlech an et  huet dësen Challenge ugeholl, dorausser ass awer e super Laf Projet entstanen vir d’Anais mat de d’Kanner di allkeier mat trainéiert hunn, Dënschdes an Donneschdes „Wann et dann net am Congé war respektiv gereent huet“ J

Et gouf souguer ënnert strenger Opsiicht Trainéiert vum COACH MICH, deen sech dann och guernet beaflossen gelooss huet vum Kevin wann et geheescht huet maach den Training beschen méi ustrengend ;) .

Vue-que dass eis Kanner aus der Maison Relais deen Projet sou super fonnt hunn, sinn dann och eng 8 Kanner vun ons den YUPPI Tour um Escher Kulturlaf mat gelaf, an dat hunn Si super gemeeschtert nachengkeier e GROUSSEN BRAVO un all eenzelen.

Vir nachengkeier drop zréck ze kommen d’Anais, et huetd‘ COURSE mat Bravur gepaakt an et lieft weiderhin e flott a schéint Liërwen =)

BRAVO ANAIS =)

An der annexe fannt dir puer Impressiounen/Fotoen vum Escher Kulturlaf. Mol kucken wat den Radio Babbel sech dann nach sou Afalen léisst ;) .






» Fotoen