Passer au contenu principal Passer au menu principal

Mir hunn d'Vakanz genoss

03.11.2017

An eiser Maison Relais hate mir eng flott an ofwiesslungsräich Vakanz!

Geschwënn wäerten eis Kanner rëm an d'Schoul goen, hir Vakanz ass schon gläich eriwwer. Dës konnten si awer an eiser Maison Relais ënnereneen an mat den Educateuren genéissen.
Mir hunn de Kanner eng villfälteg Woch an eisem Haus virbereed, an der mir hinnen Ofwiesslung an Villfalt ugebueden hunn.
Sou goufen beispillsweis méindes hauseegen Bonboen gemaach, déi den Dag drop op eiser Halloween-Party konnte genascht ginn. Op dëser konnten si sech dann als Hexen, Zombien oder Monsteren verkleeden, zudem haten se d'Méiglechkeet sech selwer ze schminken oder sech géigesäiteg dobäi ze hëllefen. Bei de Spiller haten si och vill Spaass.
Dertëscht gouf och eng lecker Kürbiszopp gekacht, Bastelaktivitéiten goufen ugebueden an mir hunn profitéiert fir Zäit dobaussen ze verbréngen.
An eiser klenger Gallerie kënnt dir puer Biller vun de Kanner um Escher Gaalgebierg op der Spillplaz gesinn.


» Fotoen