Passer au contenu principal Passer au menu principal

Wëssensatelier am Lycée Technique zu Esch

16.11.2017

Eemol de Mount besichen d'Kanner vum C3 an C4 aus eiser Maison Relais di sougenannten "Wëssensatelieren" an de Reimlechkeeten vum Lycée Technique zu Esch.

Dës pädagogesch Aktivitéit gëtt de Kanner vun der Stat Esch a vum Léierpersonal vum LTE ugebueden. Während den 2-3 Stonnen léieren d'Kanner anhand vun einfach erklärten Theorien an duerch verschidden zousätzlech Bastelaktivitéiten, wéi Wëssenschaften an och Technik (Physik, Elektronik asw.) an eisem Alldag kënne virkomm an ugewandt kënne ginn.
Heibäi kréien d'Kanner zudem d'Geleenheet, ënnert der Opsiicht vun engem Verantwortlechen aus dem jeweilegen Atelier, gréisser Maschinen ze benotzen an d'Uwendung dovunner ze verstoen.


» Fotoen