Passer au contenu principal Passer au menu principal

Den Sproch vun der Woch

27.01.2020

Een grousse Merci un "@Successpictures" fir dëst Bild.

Den Sproch vun der Woch:
(ENG) You never know what someone is going through. Be kind always.

(FR) Tu ne sais jamais ce que quelqu'un est en train de traverser. Soi gentil tout le temps.

(DE) Du weisst nie, was jemand derzeit durchlebt. Sei immer freundlich.

(LU) Du wëes nie duerch wat een Aaneren duerchliewt. Sief ëmmer frëndlech.

Maach eng Paus an denk driwwer no...



Weider Gedanken zu dësem Bild:

All déi Léit, deenen mir am Dag begéinen, ginn duerch haart Zäiten, déi eng méi déi aner manner. 

Jiddereen huet säin Päckelchen ze droen. 

Jiddereen huet eng Geschicht ze erzielen, Guddes wei leider och Schlechtes. 

All Mënsch mëscht seng eegen Erfarungen am Liewen an huet seng eegen Strategien entwéckelt duerch d'Liewen ze goen.

Déi Persoun dir vis-à-vis ass d'Resultat vun der vollstänneger Sammlung un Liewenserfarungen, Emotiounen, duerchliewten Situatiounen, Entwécklung, Erzéiung, Erënnerungen, Aflëss vun drëtten Persounen, Enttäuschungen, schéinen Momenter, Léift (oder den Mangel/Entzuch dovunner), etc. vergiess dat net. Et kéint erklären firwat eng Persoun sech esou behëlt an verhält wéi se et mëscht.

Villäicht huet déi Persoun dir vis-à-vis och ni kennen vun engem gudden Virbild léieren, wei een sech richteg oder gutt verhalen soll an enger gewësser Situatioun, schonn emol dorunner geduecht?

Sief ëmmer léif, frëndlech, verständnisvoll, hëllefsbereet an besser wei all déi Mënschen virun dir, déi versot hunn virzeliewen, wei et richteg geet. Du kriss vläicht keen Merci, gëss villäicht souguer an enger éischter Phase d'Affer vun opgestauten Emotiounen an Erënnerungen, déi fir d'éischt erauskommen mussen, éiert dëser Persoun gehollef ass. Erdro et, verzéi dengem Géigeniwwer, sief gedëlleg an gudden Häerzens. Gleef mir, déi Persoun wäert iergendwann erkennen, wat's du wierklech fir si gemaach hues!

Dat ass Nächsteléift...

Kritiséieren, sech opreegen, verletzend Wieder ausschwätzen, dreeën,etc. dat kann all Mënsch, bréngt et eppes Guddes? Nee... et verdéift just d'Problemer déi bestinn, déngt allerdéngs NI fir eng Léisung ze fannen!

Sief een gutt Virbild, gei mam gudden Beispill fir, an sief eng besser Persoun, wei all déi aner Mënschen virun dir, däin Nächsten wäert et dir danken wann den richtegen Zäitpunkt dofir komm ass.

Ween wëes, villäicht gees du jo och duerch schlëmm Zäiten, dréis schwéier un denger Vergaangenheet, un dengen Emotiounen, un dengen Problemer, villäicht huet iergendeen Mënsch deen dir no steet dech verletzt, enttäuscht, gebrach, etc.

Egal duerch wat et kënnt, et ass ëmmer hëllef do, vertrau dech deenen un deenen's du wierklech vertrauen kanns. Bréngt et eppes un der Vergaangenheet festzehalen, jo: nëmmen méi Misär, méi Péng, méi Trauer, méi Verzweiwlung, méi Problemer, méi düster Gedanken, méi Däiwelskreesser, méi Suchtverhalen, méi Verdrängung, méi Verléinung, méi Wéi, méi schlecht Erliefnesser, méi negativ Gedankenkarussel'er,...

Bréngt dat iergendeppes Guddes? Nee. Looss lass. Verzéi wann's de kanns, dat bedeit schléiss einfach domadder of an denk net méi driwwer no. Du kanns d'Vergaangenheet nimools änneren, weder du nach ech. Konzentréier dech op déi Léit déi dir nostinn an wichteg sinn, Léit déi dir gutt dinn, Léit deens du wichteg bass an um Häerz läis, konzentréier dech op déi gutt Momenter an Erliefnesser am Liewen an maach an denk sou vill wéi méiglech Guddes, dann bléift keng Plaz méi an dengem Liewen fir dat Schlecht an dat Béist. Gleef mir, ech schwätzen aus eegener Erfarung. :)

Alles Guddes op ärem weideren Wee duerch d'Liewen! :)

Huel dir Zäit an denk driwwer no... ;)