Andréck vun der Woch vum 02.10 bis den 06.10
06.10.2023Des Woch stoungen erëm vill interessant Aktivitéiten a Projeten um Programm. Kanner haten eng grouss Auswahl vu verschiddenen Aktivitéiten an de verschiddenen Säll. Am Stage huet zb Mëttwochs Talentshow stattfonnt a Kanner konnten sech Méindes ob hier Performance virbereeden. Am Mediasall hu mer op de Computere Recherchë gemaach, verschidden Aarte vu Quizzer a Fotoe vun de Casë goufen do ausgedréckt. An der Bibliothéik goufe Projete Gebärdensprooch a Musek gemaach. Et goufen och Geschichte virgelies oder erfonnt a Kanner konnten hei richteg kreativ ginn. Och Gesellschaftsspiller hu mer ugebueden. Well vill Kanner och de Besoin hunn an enger roueger Atmosphäre mateneen ze schwätzen oder och mat den Educateuren ze schwätzen, haten mer dann och eng "table de discussions" des Woch.
Am Bausall goufe rëm Bauconcourser gemaach. Op Tierm oder Haiser bauen, och hei konnt all Kand frei entscheeden, wat se Loscht ze bauen hunn. Am Konschtsall hu mer weider Gas gi mat eiser Halloween Deko. Hei komme mer ganz gutt weider a mer si scho bal prett vir Halloween. Als Ofwiesslung vum Halloween bastele goufen och Steckbreifer vun de Kanner am Konschtsall gemaach an zuguer Selfmade Plasteline.
Am Beweegungsraum war da méi Aktioun. Vun Dr. Doom, Lets Move bis Zombie Ball war bëssen alles dobäi. Vir e bësse kennen ofzeschalten hu mer och Yoga ugebueden.
» Fotoen