Passer au contenu principal Passer au menu principal

Grousse Bakprojet an der Maison Relais Fliedermais

04.10.2019

Baackprojet, en Projet vun der Maison Relais bei den Fliedermais

an ënnerstëtzt vum Radio Babbel.

Oflaaf:

Den Baackprojet ass en Projet deen iwwer d‘ ganz Schouljoer lafen soll. D‘ Maison Relaisen déi sech ugemellt hunn, sollen eng Equipe auswielen (ongeféier 4 Kanner), déi fläisseg iwwer dat ganzt Schouljoer Backen soll. D‘ Ziel ass, dat d‘ Equippen (just Kanner) fäeg sinn fir am 3. Trimester eng Patisserie ganz eleng ze Backen an dëst enger Jury ze presentéieren. D‘ Equippen dierfen selwer wielen wat sie Backen wëllen. Opgepasst. Net nëmmen den Goût, mee och d‘ Presentatioun vum Gebäck gëtt bewäert.

Den Radio Babbel géif sech freeën all Equipe an hirer Kichen (Baackplatz) besichen ze kommen fir en Interview an Photoen vun den Kanner ze maachen. D‘ Equippen sinn natierlech och all häerzlech agelueden fir live an eisen Studio ze kommen fir iwwer den Projet ze schwätzen.

 

Den Backkonkuer:

D‘ grouss Final vum Backkonkuer ass fir den 2. Juli virgesinn an dat vun 17 bis 19 Auer. D‘ Equippen sollen hier Patisserie bei sech an der Maison Relais Backen an d‘ Presentatioun kënnen se hei an der Maison Relais bei den Fliedermais virbereeden. Eng neutral Jury soll ausgewielt ginn, soudass mir all Equipe bieden, en Representant vun hirer Institutioun (Chargé, Kach, Erzéier,…) auszewielen deen dann fir d‘ Final an der Jury matbewerten soll. Den Baackkonkuer gëtt vum Radiobabbel gefilmt an moderéiert. Den Gewënner kritt natierlech och en Preis an all Kand kritt en klengen Trouschtpräis.

 

Radio Babbel:

Mir géifen virschloen dat d‘ Equippen e puer Datumer fir den 2. Trimester eran reechen fir live an eiser Radio Babbel Sendung dobäi ze sinn. D‘ Sendungen sinn ëmmer Méindes an Donneschdes vun 13 bis 14 Auer an dëst och an den Schoulvakanzen. Soubal mir Datumer vun all den Equippen hunn, mellen mir eis zeréck fir den definitiven Datum fest ze leeën.

Aschreiwung:

Dir wëllt Iech och Aschreiwen matt äerer Maison Relais, Jugendhaus oder Schoul dann schreif eis e Mail matt äere Kontakt Daten op: sylvia.marques@villeesch.lu
Mir mellen ons =)

Leif Greiss,
MR bei den Fliedermais.