EMOJI Medienquiz mam Jérôme
04.05.2018Momentan sinn dëi kleng Emoji Mennecher dëi een bei all Passage an enger bekannter lëtzebuergecher Supermarchéketten kritt, ganz belëift bei den Kanner.
Aus desem Gronnt hun d‘Kanner sech een Atelier zum Thema EMOJI gewënscht, deen se am pädagogechen Kader anhand vun engem Medienquiz, (matt eegenen klengen Teams), enger Diskussiounsronn iwwert Gefiller an enger gemeinsamer Tauschbörse gebuerden kritt hun.
Nodeems sech d'Kanner een Atelier mam Thema "Emoji" (dëi momentan ganz aktuell an belëift sin well een se am Cactus als Cadeau beim Ankaafen kritt) gewënscht hun, hun ech desen als Erzëier ungebuerden.
Ech hun den Atelier sou opgebaut, dass desen aus engem Quiz an enger Tauschbörse bestaanen huet dëi an der Bibliothëik (gleichzeitech Mediensall) waren. D'Kanner hun selbststennech kleng Gruppen gebild an hun sech een Gruppennumm ausgeduecht . Duerno huet all Grupp een Dossier Blierder an een Bleistëfft kritt deen auszefëllen war.
Opp den Quizblierder war opp all Blaat eng Reih Emojis ze gesin dëi een Film duergestallt hun.
Nodeems d'Kanner mam Quiz ferdech waren, hun mir dest zesummen verbessert an ausgewaert.
All d'Kannt ass heibei als Gewënner erfiirgaangen an kruut als Belounung eng kleng Emoji Figur als Gewënn.
Duerno konnt all Kannt opp freiwëlleger Basis seng mattgebruechten Mennecher tauschen. Nodeems den Atelier ferdech war, konnten d'Kanner nach zesummen d'Gesellschaftsspill vun den "Emojien" spillen.
» Fotoen