Passer au contenu principal Passer au menu principal

Colonie Toussaint

13.11.2017

Eis 2 Deeg Kolonie zu Ënsber!

Gutt gelaacht, gutt getrëppelt, gutt giess an super vill Spass!

D'Simone an d'Manon waren des Kéier matt 12 Kanner vun der Spillschoul vum 2 op den 3 November op Ënsber.
Donneschdes moies gouffen Valisen opgelueden an Kanner an di 2 Camionetten verdeelt. Dun as et och schon lass gaangen Richtung Ënsber. Den Wee fir dohin as super gaangen an maer hun eng gutt Stëndchen gebraucht bis mer do waren. Dohannen sin mer ganz härzlech vum Carlo, Magda an Fréderique begréisst gin. Mir hun Kanner op Zëmmeren opgedeelt an sin nach en bessi op Spillplaatz gaangen, éier et ziessen gouff. No der Fahrt waren se alleguerten en bessi opgedréint, Spillplaatz huet richteg gudd gedoen fir sech auszetoben. um 12 Auer gouff et Fusili matt Bolognese Sauce, eiii waat huet dat gutt geschmaacht. Als Dessert haat den Fréderique as Muffins gebaak, do waren Kanner begeeschert. Nom iessen hun mer na en bessi am Spillzemmer gespillt, éier se dun Kürbissen ausgehielecht hun. Di éischt hun se zu 2 an 2 eidel gemaach an konnten sech dono en Design aussichen, waat se op den Kürbis gemoolt kruuten an den Fréderique, Simone an Magda hun se dun geschnitzt. Den Recht Kürbissen hun mer net méi ausgehielecht, mais Kanner konnten soen wéieen Gesiit se wollten hun an Magda an den Fréderique hun hinnen déi dun faerdeg geschnitzt. Well Kanner net ze bremsen waren, hun Simone an ech décidéiert matt hinnen bei den Stauséi roof ze treppelen. Do konnten se gutt laafen an maer hun matt Steng an den Séi geschoss. Wéi schon am Summer hun mer herno en klengen Wettkampf gemaach, wen am weitsten schéissen kann. Eisen Tour as weider op en Treppelwee gaangen, wou Skulpturen stungen, di Natur an Waasser durstellen. Kanner konnten sech fräi beweegen, sin gelaaf hun Natur entdeckt an sech gutt ameséiert. Verschiddener waren och emmer ganz vill midd an missten sech op all Bänk setzen di komm as :). Zréck am Chalet hun mer nach en Gebuertsdag gefeiert. Simone haat Idee fir matt den Kanner "maer gin op eng Léiwenjuegt" ze spillen. Manon huet Ballonen opgebloosen an dun fir "Reise nach Jerusalem" Musik un- an ausgedréckt. Während Simone Kanner nach bessi animéiert huet, as Manon rop gaangen fir Kanner ze duschen. Nodeems jidereen an den Pyjama geschlüpft war, hun mer eis den Bauch matt der gudder frësch gebaakener Baguette vollgeschloen an den Gebuertsdagsbrownie giess, nodeems mer "Happy Birthday"-Lidd gesongen haaten. Nach en bessi den Minions-Film am Fernsehzemmer gekukkt, éier Kanner gutt midd and Bett gefall sin an ganz schnell ageschloof waren.

Nuet war amfong ganz friddlech verlaaf bis op en klengen Virfall. Kanner waren moies géint halwer 8 wakreg. No an no hun se sech ugedoen an prett gemaach. Better gouffen oofgezunn an Valisen prett gemaach fir an den Auto. Dun hun mer eis matt engem gudden Frühstück an frësch gebaakenen Boxenmännercher gestärkt, éier mer mam Ursula op den Tour em den Séi gaangen sin. Kanner hun Ennerwee ganz vill Naturmaterial gesammelt fir um Séi Landart ze maan. Mir hun ganz vill Champignon ennerwee gesin, di Kanner ganz genee ennert Loupe geholl hun. Op der Fuussewiss hun Kanner eng Foto mam groussen Fuus gemaach. Zäit as sou schnell verflun dat mer eis op den Réckwee missten maachen fir Mëttegiessen. Den Fréderique haat et gutt matt eis gemengt, et sin nämlech Fritten gin, do waren Kanner frou!! Nom iessen hun mer na eng Balanceübung matt Äscht an Bäll op der Wiss hannert dem Haus gemaach an matt Lehm eng Landauer gebastelt. Jidereen huet een Naturmaterial als Oofdrock an den Lehm gedréckt. Eis Auet gouff herno op der Wiss ausgluet. Zum Schluss hun mer matt Dännenzapfen kleng Zwergen matt Lehm modelléiert an ennert en Bam gesaat. Dun war et och schon Zäit fir Camionetten ze paaken an ze fueren. Kanner waren nach schnell op Toilette an dun hun mer eis op den Heemwee gemaach.


» Fotoen