Passer au contenu principal Passer au menu principal

Salame de chocolate lo

18.06.2021

Fir d'alleréicht hei mool aist Rezept fir selwër äuszeprobéieren :-)
Mir hunn geholl:
  • 150 Gramm Botter
  • 250 Gramm Petit Beurre Kichelcher
  • 150 Gramm Zocker
  • 125 Gramm Kakao
  • 1-2 Eeër
  • Vanillezocker (optional)
Lo wou mir all ais Ingrédienten zësummen hunn, kann et lassgoen!

Fir d'éicht hunn mir d'Kichelcher an enger Schossel kleng gemaach (dofir hunn mir Hännchen ugedoen).
An enger zweeter Schossel hunn mir dën Zocker, Vanillezocker, Kakao an dën Botter dran gemaach. Dann dat ganzt mam Mixer gutt duechréieren. Dann kommen d'Kichelcher äus der éichter Schossel dobäi, an déi ganz Mass gëtt nach eemol gutt duechgeréiert.
Äus der fäerdëger Mass maachen mir dann, mat Hëllëf vun Sëlwerpabeier (Foto), eng déck Rull.
Nach ë beëssen Gedold mussen mir awer hunn, well elo muss d'Rull nach fir 2-3 Stonnen an den Frigo.
Dann ass aisen Kuch och schon fäerdeg! Mir schneiden d'Rull an Stécker an kënnen dën Salame de Chocolate endlech schmaachen.
Bon appétit!