Passer au contenu principal Passer au menu principal

Fräit Bastelen no der Schoul

30.11.2017

D'Kanner duerften alleng entscheeden, wat se solle bastelen.

Den Alldag vu Kanner kann bekanntlech laang sinn: no der Schoul sinn an der Maison Relais nach d'Aufgaben ze maachen, ier se dann un Aktivitéiten, welch se vun eisem sozio-pädagogeschem Team ugebuede kréien, deelhuelen. Des Kéier stoung dann "fräit Bastelen" um Programm: et ass hei drëms gaangen de Kanner mol net virzeginn, wat se sollen bastelen, mee se fräi fir sech entscheeden ze loossen. Hinne woren all Méiglechkeet oppen, sou dass se hirer Fantasie an Kreativitéit fräie Laf konnte loossen. Op schnipselen an ausschneiden, peschen, Pärele zesummestrécken oder Braceleten entwerfen, all Idee konnten si emsetzen.
Eis wor et wichteg, de kreative Geescht vun de Kanner ze fuerderen an hinnen d'Eegeninitiative ze loossen. Zudem sollten si och mol selwer kënne bestëmmen, wat se wollte maachen, an op welch Manéier. De Kanner huet et immens gudd gefall, soudass se all mat Begeeschterung matgemaach hunn.


» Fotoen