Passer au contenu principal Passer au menu principal

Mir besichen den Déierenpark um Galgenbierg

15.05.2018

En Dënschden, den 15. Mee , sinn mir mat den Kanner aus dem Cycle 1 an dem Cycle 2 den Déierenpark um Galgenbierg besichen gaange.

Kanner waren immens begeeschtert.
Ganz vill Déieren konnt een hei gesinn wéi zum Beispill Réihen, Geessen, Paërd, Schwanen......

An et konnt een esou gudd ewéi all Déieren eppes z'iessen ginn. D'Fudder kruut een am Déierenpaark zu Verfügung gestallt.
Flott Picknicksplazen sinn et och nach ginn, an op enger Platz hu mir dann gemitlech mat den Kanner een klengen Snack giess.

No dësem flotten an opreegenden Dag sinn verschidden Kanner dann och fir zeréck an d'Maison Relais am Bus ageschlof.
D'Kanner géingen gaër erem zeréck an den Déierenpark goen.


» Fotoen