Passer au contenu principal Passer au menu principal

De Kleeschen wor op Besuch

05.12.2017

Héige Besuch aus dem schéinen Himmelsland: de Kleeschen kënnt an eis Maison Relais!

Een Dag am Viraus kënnt de Kleeschen mat sengem treien Gefährten, dem Housécker, an eis Maison Relais op Lalléng. En héige Besuch, deen ganz vill Kanner positiv iwwerrascht huet. Natirlech ass den Zinniklooss net mat eidelen Hänn komm, mee mat ville Cadeauen déi eis Kanner an eise Reimlechkeeten kënnen (be)notzen. Zousätzlech krut jiddereen och eng kleng Séissegkeet. Mir soen dem Kleeschen villmols Merci fir séng Grousszügegkeet an hoffen hien nächst Joer ëremzegesinn.