Passer au contenu principal Passer au menu principal

Excursion Insenborn LALL et NOWI

02.08.2018

Dem Léonie, Laura, Yvan, Bao-Chau, Bryan, Kevin, Kevin an Tim hir Impressiounen vum Dag zu Ensber :-)
Mär sin gëschter den 2.August mam Bus op Ensber gefuer.
Dono, wéi mer ukomm sin, sin mer bis erof getrëppelt fir mam Solarboot op der Sauer ze fueren.
Mam Solarboot sin mer 1 ganz Stonn ronderem de Séi gefuer.
Dono sin mer bei engem Musée erausgeklommen an mär hun dun zesummen geiess. Mär sin nom Iessen an de Musée gaangen an mär konnten do e puer Spiller ausprobéieren.
Nom Musée sin mer ongeféier eng 20 Minutten weidergetrëppelt fir dono eng kleng Paus ze maan.
Während der Paus hun mär 1 kreativt Spill gemaat an zwar hun mer mat Naturmaterialen, déi mer an eiser Emgéigend fonnt, hun, 1 Bild gebaut.
Dun sin mer erof bei d'Waasser gaangen a mär hun Steng an d'Waasser geschoss, déi flott driwwer gesprongen sin.
Am Centre de vacances vun Ensber kruten mer all eng Glace spendéiert an ze drénken, well et wuar esou waarm.
Eng rieseg laang Waaserrutsch haaten se fir eis virbereet a mär hun eis köstléch amüséiert fir mat Waasser driwwer ze rutschen.
An iergendwann wuar et Zait fir heem ze fueren, mär sin an de Bus geklommen an nees gudd zu Lalléng ukomm, wou eis Elteren eis schon erwuard hun.
Et wuar e megasuper Dag!

Mär soen dem Carlo Kieffer a sénger Equipe e grousse Merci fir sain Accueil!

Kanner an sozio-pädagogescht Team LALL+NOWI






» Fotoen