Passer au contenu principal Passer au menu principal

Ofschlossparty zum Pompjeeesprojet

24.06.2025

Zum Ofschloss vum Projet hun mär eng kleng Party organiseiert, dei d'Kanner selwer matgestalten konnten.

D'Party huet aus 3 Haaptaktiviteiten bestaanen. All Kand huet an engem Roulement un deenen 3 Aktiviteiten deelgehol.

1) Virbereedung vun der Collatioun

D'Kanner hun Muffins gebaak an dekoreiert. Ausserdeem hun sie Smoothies gemaach aus Erdbieren an Melounen.

2) Waasserspiller

D'Kanner konnten Waasserbäll mat Waasser fellen an bei verschidden Spiller eng Waasserschlacht maachen. Dest huet bei deem wuarmen Wierder besonnegt gudd ofgekillt.

3) Fotoshooting

Beim Fotoshooting hun sie d'Kulisse selwer opgezeechent aus Kraid an konnten sech a Rollespiller als Pompjeee verkleeden.

Zum Ofschluss vun der Party an zum Ofschloss vum Projet hun mär all zesummen dei lecker Muffins gies an hun eis d'Smoothies gudd schmaachen gelooss. All Kand krut en Pompjeeesbracelet an en Molbuch, waat mär vum CGDIS offreiert kruten.






» Fotoen