Passer au contenu principal Passer au menu principal

Précoce Maison Relais

06.02.2026

Léif Elteren,

mir wëllen Iech e klenge Réckbléck op eis lescht Woch an der Maison Relais ginn mat eis Butzen.

Eist Highlight vun der Woch war den Ausfluch op d’LASEP. Do konnten d’Kanner sech sportlech ausliewen an haten vill Freed un de verschiddenen Aktivitéiten.

Ausserdeem hu mir vill gebastelt fir de Carnaval an de Vältesdag. D’Kanner waren dobäi ganz kreativ a motivéiert.

Mir hunn och verschidden Aktivitéite gemaach, wéi zum Beispill Balancierspiller, Memory-Spiller an Kennelernspiller ronderëm d’Faarwen.

Als flotte Ofschloss vun der Woch hu mir zesummen eng gemittlech Tea-Time gemaach.






» Fotoen