Infos parents
Kalenner
Zum KalennerActualités
Bienvenue
Bemvindo WelComE
WELKOMM Bienvenidos

NamASte
Bienvenuti
WILLKOMMEN
- Crèche Personnel
Mier sin zou Merel
Haut sin Mier mol erem eng keier um Tour, an dest mat deenen "Groussen" an "Klengen" Unicorns zesummen.
Wou et hin geet.....ma op Merel an den Park ;)
Fier all dei Elteren dei grad bessi ziddereg op da Arbescht setzen wellen Mier Ierch just matdeelen datt et Aeren Butzen gudd geet an Mier wuerlbehaalen zou Merel ukomm sin.
An ewei op all "guddem" Ausflug sin se am Bus fier Heem emgefall ewei d'Mécken ;) - Crèche Personnel
Kräuter Garten
Mir hunn Bakken aus dem Keller eraus geholl an am Gart plazeiert .D'Kanner hun dei verschidden Kreider ze rieschen kitt an de Buedem deen mir an d'matschkichen geschott hun ...hun sie mat engem Becher an d'Bakken geschott. - Crèche Personnel
Finemotorik Aktiviteit
Haut der Moien hunn mir Iese Faarwaeg Knäpp an nature materialien aus gepackt vir iest flott aktiviteit . - Crèche Personnel
Maer sin um Tour
Waat ass Haut fier en Daag?
Ganz genau, et ass Donnegden oder och besser bekannt als Camionettendaag bei deenen klengenUnicorns.
Mier wolten dann Haut mol besselchen mei laang vun der Spillplaatz profiteieren an hun kuerzerhand en Ausflug draus gemeet.An ewei zou all guddem Ausflug geheiert natierleg och en Picnic am Fraien dozou.
Dëst wor en Erlierfnisreichen Daag mat Spillen, Erkunden, Erfuerschen an Een deen Aaneren nach besser kennenléieren.
Souguer mier Erwuessener hun Haut esou munsches vun den Kanner geleiert.
Saachen ewei: "Ech kann net mei spillen ewell meng Been sin midd oder d'faszinatioun ewou en Kand opweist wann et en Villchen gesait geheiert fier ons och net zum Alldaag.
Dei scheinsten Entdeckung dei mier Educateuren Haut awer konten maan ass datt mier emmer mei feststellen ewei zesummengeschweest onsen Grupp ass an datt sie En fier deen Aaneren Empathie an Verantwortungsgefill empfannen.
Kuerz gesoot ons Kleng sin ganz Grouss