Passer au contenu principal Passer au menu principal

Infos parents

Kalenner

10.12: LASEP C1
12.12: PISCINE C1
Zum Kalenner

Actualités

  • Parc Laval

    Ausfluuch Beetebuerger Parc (Summervakanz)

    De Freiden 10. August 2018 sinn d'Kanner vun de Groupe Robin Hood a Peter Pan an de Beetebuerger Parc gangen.
    Mer si moies um 9:30 mat eiser Camionette zu Esch fortgefuer a soubal wéi mer am Parc waren, hu mer déi éischt Déiren an hire Käfeger bewonnert an iwwert se geschwaat. Et huet och nët lang gedauert bis mer déi éischt Poarhinn (déi jo fräilaafen) gesinn hunn, vun deenen d'Kanner och faszinéiert waren.
    Soubal wéi d'Spill vun der Pärdscourse op war, sinn d'Kanner op dee flotte Manège gangen fir dono en traditionnelt Ausstellungsstéck, d'Villerchershochzäit, ze besiichen. Do hu mer eis onst Frühstück, ee leckere Croissant, gutt schmaache gelooss. Dës einfach Animatioun huet natirlech all enzelt Kand misse umaën, wel se d'Melodie an dat ganzt Spill einfach esou schéin fonnt hunn an de Schalter ganz aluedend op hirer Héicht ass.
    Nodeems mer fir Fotoën op der Gorillastatue poséiert hunn, krutten d'Kanner als kléngen Extra e puer séisser Dukaten beim Goldiesel fir ze schnécken.
    Weider op eiser Entdeckungstour duerften déi die wollten och en Tour mam Zichelchen ronderëm de Flamingoweiher dréinen.
    Endlech konnte mer an d'Mahajanga-Haus, wou mer eng ganz flott Kuliss erliewt hunn mat den Déiren déi an dëser Regioun am Madagaskar, no déier d'Haus benannt ass, heemesch sinn. Zumols d'Maki'en an d'Aaffen hatten ët de Kanner uegdoën an mer hu se wéi lang beobacht. Mer hatten suguer d'Chance d'Fidderung vun de Primaten ze gesinn, wat natirlech fir eis Butzen interessant war.
    Dono hu mer eis a Richtung Bëschdeel gema an hunn de Kanner e puer Minute ginn fir sëch op der Spillplatz aus ze toben. Nodeems se sëch e bëssen défouléiert hunn, si mer an de Bësch gangen wou mer na vill aner exotesch souwéi heemesch Déiren bewonnere konnten.
    D'Mëttegiessen, eise leckere Picknick dee mer ons agepackt hunn, hu mer eis an engem vun den iwwerdaachten Picknicksdëscher am Bëschdeel gutt schmaache gelooss a krutte suguer Besuch vun enger Gees déi aus dem Streichelzoo ausgebéckst ass.
    Nom Iessen hu mer eisen Tour weidergefouert a sinn an d'Amazonia-Haus gangen, wou mer och rëm vill ze entdecken an léiren hatten. Als Ofschloss si mer wéi verspraach an de Bëschdeel gangen fir de Goûter a fir do na op Spillplatz ze goën.
    Alles an allem hatt mer ee richtege flotten Daag.

  • Parc Laval

    Multikulti Fest am Parc Laval

    Dëst Joer stoung eist Summerfest ënnert dem Numm Multikulti-Fest.

    Eis Elteren konnten sech aschreiwen fir Spezialitéiten aus hiren Gebuertslänner oder engem aneren Land matzebréngen.

    Dat hat immensen Succès!

    Och den Buergermeeschter haat den Wee op eist Fest fonnt mam Mandy an dem Monsieur Kox.
    Sie hun eisen groussen Spillhaus-Kuch opgeschnidden, ausgedeelt an geschmaacht. Merci dass der ierch di Zäit geholl haat.

    Villmools Merci nach eng Kéier deenen Elteren di all di gutt Saachen matbruecht hunn, et war en richtegt flott Fest.


  • Parc Laval

    Les ateliers à la crèche du 11 janvier au 8 février

    Aussi cette année, on offre aux enfants, divers ateliers une fois par semaine.
    On propose 4 ateliers divers

    - atelier de dessin
    - découverte de la nature (sortie en camionette)
    - fabrication de pâtisserie et cuisiner
    - favoriser la motricité à l'aide d'outils quotidiens


  • Parc Laval

    Besuch an der Escher Bibliothék (Spillhaus)

    Den C1 huet en Besuch an der Escher Bibliothéik ennerholl.
    Den Jan huet eis eng kleng Féierung gin an den Kanner gewisen wivill verschidden Bicher et an der Bibliothéik gin.
    Kanner hun Regelen erklärt kritt, di een do befollegen muss an Fonctionnement wi een Bicher ausléienen kann oder zréckbréngen muss.
    Dono as Spill "Reise nach Jerusalem" gespillt gin, just dat Kanner emmer en anert Buch kukken konnten an keen Stull eweggeholl gouff.

    Den Kanner an eis huet et vill Spass gemeet an maer kommen secher na eng Kéier zréck.


  • Parc Laval

    Nos ateliers pour les petits

    Donneschdes mëttes vun 15.00-16.00 organiséieren mer an der Crèche verschidden groupeniwergreifend Atelier'en fir eis Kleng.

    Atelier'en gin bis virun der Chrëschtvakanz ugebueden.
    Et sin 4 Stéck.
    - Aktionswannen
    - Beweegung
    - Bastelen
    - Geschichten erzielen

    Di Kanner tëscht 2,5 an 4 Joer konnten sech anhand vun Biller fir en Atelier entscheeden.
    Eisen Klengsten bidden mer den Atelier Aktionswannen un, dat sie ausprobéieren kënnen an mol an Rouh ennereneen spillen kënnen.

  • Parc Laval

    Colonie Toussaint

    Eis 2 Deeg Kolonie zu Ënsber!

    Gutt gelaacht, gutt getrëppelt, gutt giess an super vill Spass!

Première Précédente Suivante Dernière