Infos parents
Actualités
- Parc Laval
Colonie Ënsber
An der Fuesvakanz (17-19/02/2020) waren d'Kanner vun de Spillschoulsgruppen Robin Hood an Peter Pan mam Martine a mam Jessica op Ënsber an d'Colonie. - Parc Laval
Kach- a Bakatelier : Wirschtecher a Kéis am Bliederdeeg
Am Kader vun eisem Bak- an oder Kachatelier sinn dësen Dënschden Wirschtecher a Kéis am Bliederdeegmantel um Programm.
Hei kënnen d'Kanner hir Collatioun fir mëttes selwer maachen.
et huet eis och all ganz gutt geschmaacht. - Parc Laval
Pappendag am Grupp Peter Pan
De Grupp Peter Pan huet zesumme mat de Pappe gefeiert. D'Kanner hu Pizza gemat an dono zesumme mat de Pappe gefruppst. Mär haten och e klengt Lidd ageprouft an e selwergemate Schlesselunhänger verschénkt.
et war e flotte Nomëttech a jidderee wat zefridden. - Parc Laval
Ouschteren beim Tweety Groupe
Den Groupe Tweety war ganz fleisseg fir Ouschterzäit.
Et gouff gebastelt, Eeer gefierwt an gesongenan den Groupensall
gouff matt den Kanner zesummen fir Ouschteren an d'Fréijoër dekoréiert. - Parc Laval
Ouschtereersich am Déierenpark um Galgenbierg
Dës Vakanz waren Kanner vum Cycle 1 an den Déierenpark Ouschtereer sichen.
Sie haaten ganz vill Spass bei der Sich an zum Gléck huet d'Wierder och mattgespillt.
No der Sich hun se d'Hinger gefiddert an sin nach en Tour durch den Déierenpark
spazéiert.
Et war een flotten moien an d'Kanner hun sech gutt ameséiert. - Parc Laval
Colonie Allerhellgen
Wéi all Schouljoër waren mer rem and Colonie op Ënsber.
Allerhellgen as et zwar nach méi kaal, mais trotzdem kann een flott Saachen matt den Kanner maachen.
Saisonal hun mer Kürbisser geschnitzt, maer waren ronderem den Stauséi treppelen,
hun en Bauerenhaff besicht an Musik matt Djembé'en gemaach.
Kanner an Personal hun sech gutt ameséiert an haaten eng flott Zäit.