Passer au contenu principal Passer au menu principal

Infos parents

Kalenner

05.12: Airtramp Wobrecken
05.12: C1 Piscine Brill
06.12: St. Nicolas Ecole ferméé
10.12: Ecole du cirque
12.12: LASEP C2 Dellheicht
Zum Kalenner

Actualités

  • Papillon

    DIY: Fuesmasken

    Passend zur Fueszäit maachen mir eis eegen Fuesmasken aus Papp-maché. Mir bastelen se aus recycléiertem Material (Plastiksfläschen, Kartonskëschten, aal Zéitungen,...) an gestalten se selwer.

  • Papillon

    Den Sproch vun der Woch

    Een grousse Merci un @Successpictures an un hieren Youtube Video (https://www.youtube.com/watch?v=1V6WvzDZGKo) fir déi schéin Biller an Sprëch.



    Den Sproch vun dëser Woch (20.01.2020 - 26.01.2020) ass:


    (ENG) Helping one Person might not change the whole world, but it could change the world for one person.

    (LUX) Enger Persoun ze hëllefen verännert villäicht net déi ganz Welt, allerdéngs kann et d'Welt fir dës Persoun veränneren.

    (FR) Aider une personne ne va peut-être pas changer le monde entier, mais cela peut-être change le monde pour cette personne.

    (DE) Einer Person zu Helfen vermag vielleicht nicht die ganze Welt zu ändern, jedoch vermag es die Welt dieser Person zu verändern.

    Maach eng Paus an denk driwwer no...

  • Papillon

    Spaass um Äis

    An der Chrëschtvakanz war et erëm esou wäit: d'Kanner konnten Schlittschung fueren goën!

    No éischten zaghaften Versich um glëtschegen Äis an e puer onvermeidbaren Stierz (keng Angscht keen huet sech wéih gedoen) konnten dunn souguer eis Klengst weisen, wei gud sie sech op Kufen um Äis fortbeweegen kënnen - D'Frëed an den Spaass waren riesengrouss!

  • Papillon

    DIY: Flowers made out of Paper

    Fir eng méi frëndlech an faarwëg Dekoratioun an ons Maison Relais ze brèngen, bastelen mir aus Servéiten Blummen. Dës ginn an engem zweeten Schrëtt gefierwt an schlussendlech zu engem Bouquet oder Arrangement zesummengefügt. Am Détailtext fannt dir d'Schrëtt fir Schrëtt Unleedung mat allen Fotoen vun den eenzelnen Etappen. Vill Spaass beim nomaachen!

  • Papillon

    DIY: Tabletop Game Pt.2

    Zanter deems d'Grondidee entwèckelt gouf, huet sech d'Panzerspill konkretiséiert. Elo sinn d'Spillfiguren gemach ginn, mat der Päschpistoul gouf een Sockel un déi eenzel Figuren unbruecht, d'Spillfeld gouf per Hand an Quadrater vun 2x2cm angedeelt, d'Spillregelen goufen konzipéiert, Testläf vum Spill hunn stattfonnd an elo sinn zum Schluss nach eenzel individuel Elementer wéi Wasser, Brècken, Bierger, Sand, etc. als Terrain dobai komm, déi d'Spill méi schwiereg an ofwiesslungsräich gestalten sollen. D'Basisspill steet an ass prett gespillt kënnen ze ginn. Gudd geschafft dir jonk Léit!

  • Breedewee
    Papillon

    Wëssensatelier

    Jeudi dernier, après le trajet en bus et puis à pied, on avait rendez-vous avec les enseignants du Lycée Belval. Pour cette année, le Ministère de l'éducation et de la formation professionnelle a pu gagner un nouvel enseignant dans le cadre du Wëssensatelier, qui donne des cours sur le traitement des métaux. Pour entamer ce sujet, les enfants ont eu l'opportunité de créer leur propre porte-stylo de féraille en laiton.

Première Précédente Suivante Dernière