Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Kanalstrooss Highlander

    Réckbléck op eng gudd gefëlten Woch

    Et stungen vill verschidden atelier'en um Programm :)

    D'Kanner konnten haaptsächlech zum Thema Ouschteren un vereenzelten Atelier'en deel huelen ewéi Eer fierwen, Ouschterhues bastelen an un enger Eersich deel huelen.

    Niewenbai konnten d'Kanner och den Naturmusée besichen, duerch d'Stad spazéieren, Bowling spillen an eng Zopp kachen.


  • Kanalstrooss

    Mir léieren Velo fueren

    Mir hunn eng rëtsch Kanner déi keen Velo fueren kënen an gären géifen léieren.

    Héi sinn puer Andréck vun eisem Module 2 "Initiation au vélo".


    Als éischt gouf mol geléiert den Equiliber ze haalen, unzefueren an ze bremsen.

    Wann dat bis ereecht war, konnten d'Kanner frai fueren.


  • Kanalstrooss Highlander

    PROGRAMM - OUSCHTERVAKANZ 2023

    Léif Elteren,

    Héi ass den Aktivitéitsprogramm fir d'Ouschtervakanz vum 03.04 - 14.04.23 an der Maison Relais Highländer.

    D'Kanner kënen sëch an den jeweilegen Atelier'en unmellen.

    Mir wënschen Ierch eng schéin Vakanz an schéin Ouschteren.


  • Kanalstrooss

    Visite vum Benu Village

    Mir sinn den Benu Village besichen gangen; dëst fir d'Kanner haaptsächlech zum Thema Recyling ze sensibliséieren.


  • Kanalstrooss

    Visite vun den Scouten

    D'Scouten sinn bei eis an d'Maison Relais komm.

    Sie hunn eis erklärt wat en Scout ass an wat sie sou maachen an mir hunn ganz flott Spiller all zesummen gemeet.


  • Kanalstrooss Highlander

    Mir sinn sportlëch

    Fir eis fit ze haalen an néi Saachen ze entdecken, sinn mir haut kletteren gaangen an Velo fueren gaangen.

    Eis kritt een net sou schnell midd :)


Eischt Viregt Nächst Lescht