Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Restaurant (Am Stall)


Am Sall "Restaurant (Am Stall)" fënnt d'Mëttegiessen an den Goûter statt.

Eise Restaurant ass zu folgenden Zäiten op:

  • Méindes, Mëttwochs, Freides: 12.00 -13.00 Auer an 16.00 -16.30 Auer
  • Dënschdes, Donneschdes: 12.30 -14.00 Auer an 16.00 -16.30 Auer

D'Mëttegiessen gëtt an zwee Coursen servéiert an erlabt soumat:

  • D'Kand kann selwer entscheeden, wéini et iessen wëll: wann e Kand sech virum Iessen nach beschäftegen oder spillen wëll, dann kann et dat maachen.
  • Jiddereen huet op mannst 20 Minuten fir ze iessen.

 

Domat d'Kanner ëmmer wëssen ob et nach fräi Plazen am Restaurant gëtt, hunn mir en Umelungsschëld.

Eisen Restaurant ass mat Dëscher a Still ausgestatt, déi maximal 20 Kanner gläichzäiteg ophuelen kënnen.

D'Iessen gëtt a Form vun engem kalen a waarmen Self-Service Buffet ugebueden.

All Kand muss engkéier duerch den Restaurant goen: Mir probéieren e Kand ze motivéieren eppes ze iessen, och wann et just en Apel as.

Den Snack Mëttes gëtt net an zwou Coursen servéiert.

Well mir manner Kanner no der Klass hunn, kënnen mir nëmmen eng Schicht maachen.

Wéi d'Mëttegiessen, ass de Snack Self-Service net obligatoresch.

Eise Restaurant gëtt an den folgenden Deeg an Zäiten an en "Hausaufgabenraum" ëmgebaut:

  • Méindes, Mëttwochs, Freides: 16.30 -18.00 Auer
  • Dënschdeg, Donneschdeg: 16.30 -18.00 Auer

Hausaufgaben Freides sinn Fakultativ, mee wann e Kand se nach maachen wëll, dann kann et selbstverständlech am Sall sëtzen fir déi ze maachen.