Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

Eisen Wochenprogramm 08.10.-12.10.2018 MR GALAXIE

08.10.2018
Brouch


Mëinden :
12:00-14:00 "Pantomimchallenge“ mam Lejla+Venancio (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 „Mir maachen lecker Orangejus“ mam Ramka (Atelier Taste)

Dënschden :
14:00-16:00 „Mir schaffen un eiser Maison Relais Zeitung“ mam Jérôme+Alex (Atelier Youmedia)
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1 mam Ilenia+Soraya
14:00-16:00 „Reenbiller“ mam Lejla (Atelier Créatif)

Mëttwoch :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht“ mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)
16:00-18:00 „Mir schaffen un eiser Maison Relais Zeitung“ mam Jérôme (Atelier Youmedia)

Donnechden :
14:00-16:00 "sortie pédagogique : Kooperatiounsspiller“ (Atelier Sortie)  mam Ilenia+Soraya
14:00-16:00 „Ech sin een Bauprofi “ (Atelier Konstrukto) mam Ramka
14:00-16:00 „Mir maachen eisen eegenen Nutella“ mam Jérôme (Atelier Taste)

Freiden :
12:00-14:00 "Juste Dance – Komm an danz matt „ mam Lejla+ Soraya (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 "Kulturbauen“ mam Venancio (Atelier Konstrukto)
16:00-18:00 „Karaokeparty“ mam Jérôme (Atelier Freestyle


Rentrée och am Papillon...

08.10.2018


...et geet nees lass.
En neit Joer, nei Kanner, eng nei Challenge.

Eisen Wochenprogramm 01.10.-05.10.2018 MR GALAXIE

03.10.2018
Brouch


Mëinden :
12:00-14:00 "Eisen Wonschconcert- Mir wënschen eis Lidder fir ze danzen“ mam Alex (Atelier Freestyle)

Dënschden :
13:30-14:00 „Versammlung fir eis Maison Relais Zeitung“ mam Jérôme + Alex
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1 mam Cathy + Nadine
14:00-16:00 „Mir bastlen Sandbiller“ mam Lejla (Atelier Créatif)
14:00-16:00 "Mir maachen lecker Orangejus“ mam Soraya (Atelier Taste)

Mëttwoch :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht“ mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)
16:00-18:00 „Mir schaffen un eiser Maison Relais Zeitung“ mam Jérôme (Atelier Youmedia)

Donnechden :
14:00-16:00 "sortie pédagogique : Teamspiller“ mam Nadine + Alex (Atelier Sortie)
14:00-16:00 „ Ei daat schmaacht : Mir maachen lecker Banannensushi“ mam Soraya (Atelier Taste)
16:00-18:00 „Karaokeparty“ mam Jérôme (Atelier Freestyle)

 Freiden :
12:00-14:00 "Juste Dance – Komm an danz matt „ mam Lejla+ Soraya (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 "Kulturbauen“ mam Venancio (Atelier Konstrukto)
16:00-18:00 „Karaokeparty Recall“ mam Jérôme (Atelier Freestyle)

 

 


D‘Equipe Maison Relais GALAXIE 2018/2019

01.10.2018
Brouch


- Luca (chargé de direction)
- Jérôme (adjoint de direction)
- Lejla
- Soraya
- Venancio
- Ilenia
- Alex
- Nadine
- Ramka
- Cathy
- Christiane
- Sandra

NOWI RELOADED - nei Rentrée, nei Equipe, neien Elan

25.09.2018
Nonnewisen


Eis nei Equipe ass fir Iech do!
Mär wärten eis Bescht gin fir Iech an Äre Kanner eng qualitativ héichwärteg pädagogesch Betreiuung an Begleedung ze garantéieren.
Mär fréen eis op eng gudd Zesummenarbecht.

Radio Galaxie op Besuch beim RTL Lëtzebuerg !

29.07.2018
Bei de Fliedermais


En onvergiesslechen Mëtteg, hat eis Crew vum Radio Galaxie um Kirchberg bei RTL Lëtzebuerg leschten Donneschdeg.
Duerch de Kontakt vun eisem Buergermeeschter dem Herr Mischo, hunn mir eng Invitatioun vum Herr SPOGEN vun RTL kritt, RTL Gebai ze besichen, Radio wei och Telé Lëtzebuerg. 

Opreegung vum Radio Galaxie war immens Grouss, mol engkéier e Professionellen Radio ze besichen sou wei Telé's Sender.

De Kanner stoung reegelrecht de Mond op, beim Tour vum RTL Gebai mam Herr Spogen an dem Herr Mischo.

Eis Kanner haten no hirer Visite beim Radio RTL & Eldoradio, d'éier bei enger Opzeechnung vun der Emissioun "FAMILLEN DUELL" dobäi zesinn, dëst war einfach nëmmen Flott, enger Professionelle Equipe iwwert d'Schëller ze kucken wei eng Sendung Produzéiert gëtt.

Op dëser Platz soen mir dem Herr Mischo souwéi dem Herr Spogen an dem RTL e GROUSSEN Merci,
vir dass mir vum Radio Galaxie d'Chance haten sou eppes konnten ze Erliewen.

No souenger Erfarung ass eis Motivatioun vir eise Radio weider auszebauen an nach besser ze maachen, ganz héich an kënnen et kaum Erwaarden eis néi Radio Saison 2018-2019 am September unzegoen.

An eiser Foto Galerie fannt dir e puer Impressiounen vun eisem Besuch.

 

 

 

 

VAKANZ NOWI+LALL

27.07.2018
Nonnewisen
Lallange


Hei fannt Dir eise Programm fir d'Summervakanz.
Mär sin an der Maison relais Lalléng

I LOVE SUMMER Retro AFTERWORK @Maison Relais Highlander

13.07.2018
Brouch


Heimatt invitëiren mir Iech, d'Elteren vun den Kanner aus eiser Maison Relais HIGHLANDER, haerzlechst opp eisen allerlechten AFTERWORK fir d'Schouljoer 2017/2018.
Mir wëllen Iech op desem Wee net nëmmen Merci soen fir dëi gudd Kooperatioun tëschent Maison Relais an aererseits, mais mir wëllen Iech och Merci soen fir aer Ënnerstëtzung vun eisen Kannerprojeen, Fester, Aktiounen, Elternowender, Afterworks asw.
Aus desem Grond bidden mir een allerlechten Afterwork mam Thema "I LOVE SUMMER RETRO".
Heibei waarden nierwent Fingerfood, Gedrënks, Cocktails, Kuch och dëi passend summerlech RETRO Musikk op irch. 

Dobei kënnt dir Iech net nëmmen an engem gemiddlechen Kader mat aaneren Elteren an dem Personal austauschen MAIS dir kënnt gleichzeitech eisen neien Chef, den chargé de direction vun der Maison Relais. den Haerr LUCA TOMMASI kennen lëiren.

Mir freen eis op Iech.
PS : Summerlecht Gezei oder RETRO Kleedung as fir desen Dag selbtverstendlech och haerzlech wëllkomm. 

KUERZ GESOOT : D'GOLDKETTEN, D'HAWAIHIERM an DEN ROSA FLAMINGO DIERFEN AUS DEM TIRANG GEHOLL GINN ;)

D'ERZËIEREQUIPE MAISON RELAIS HIGHLANDER 2017/2018

Eischt Viregt Nächst Lescht