Home
Neiegkeeten
Wobrécken (Crèche)Eng flott pedagogesch Erliefnis op der Bauerenhaff zu Leideleng
Eis Kanner vun 2 bis 4 Joer haten virun kuerzem d’Geleeënheet, eng flott Ausfluch op d’Bauerenhaff zu Leideleng ze maachen. Et war eng spannend an erfüllend Erliefnis, wou si vill léif Déieren kennegeléiert hunn, Kaz, Kanéngercher, Meerschwäinchen, Hinnen, Schwäin, Kéi, Päerd a Geessen.
Nieft dem Déierekontakt konnten d’Kanner och frësch Loft genéissen an sech am grousse Gaart fräi beweegen, mat klengen Trakteren, Trottinetten a Spillsaachen. Dëst huet hinnen vill Freed gemaach an huet hir motoresch Entwécklung ënnerstëtzt.
E richtege Highlight war et, wou all Kand op engem richtige Trakter dierft sëtzen, mat grousse glänzegen Aen a voller Begeeschterung!
Et war eng räich an inspiréierend Erfahrung, wou d’Kanner d’Natur erliewe konnten an en neie Bléck op d’Déierewelt kruten. Enges wat hinnen sécher nach laang an Erënnerung bleift!
Wobrécken (Crèche)Summersfest an Campusfest
E grousse Merci un d’Elteren!
Mir soe alle Elteren e ganz häerzleche Merci fir hir Präsenz an hir Matmaach beim Summersfest an um Campusfest.Ouni Iech wieren dës schéin a lieweg Momenter net déiselwecht gewiescht.
Duerch Ären Engagement an Äre gudde Wëllen sinn dës Evenementer e richtegen Erfolleg ginn – voll Freed, Laachen a schéin Erënnerungen, fir Kleng a Grouss.
Äre Support bedeit eis vill a motivéiert eis, weiderhin mat Leidenschaft fir d’Kanner do ze sinn.
Merci fir Äert Vertrauen an datt Dir un eiser Säit sidd!
Bei de PompjeeënOfschlossparty zum Pompjeeesprojet
Zum Ofschloss vum Projet hun mär eng kleng Party organiseiert, dei d'Kanner selwer matgestalten konnten.
D'Party huet aus 3 Haaptaktiviteiten bestaanen. All Kand huet an engem Roulement un deenen 3 Aktiviteiten deelgehol.
1) Virbereedung vun der Collatioun
D'Kanner hun Muffins gebaak an dekoreiert. Ausserdeem hun sie Smoothies gemaach aus Erdbieren an Melounen.
2) Waasserspiller
D'Kanner konnten Waasserbäll mat Waasser fellen an bei verschidden Spiller eng Waasserschlacht maachen. Dest huet bei deem wuarmen Wierder besonnegt gudd ofgekillt.
3) Fotoshooting
Beim Fotoshooting hun sie d'Kulisse selwer opgezeechent aus Kraid an konnten sech a Rollespiller als Pompjeee verkleeden.
Zum Ofschluss vun der Party an zum Ofschloss vum Projet hun mär all zesummen dei lecker Muffins gies an hun eis d'Smoothies gudd schmaachen gelooss. All Kand krut en Pompjeeesbracelet an en Molbuch, waat mär vum CGDIS offreiert kruten.
Rezent Fotoën
Aktivitéitenplang grouss Vakanz
Eng flott pedagogesch Erliefnis op der Bauerenhaff zu Leideleng
Planning des activités des Vacances d'été
Summersfest an Campusfest
Résumé des activités de la semaine du 7/07 au 11/07
Aktiviteiten Summervakanz
Porte Ouverte 2025
Plan d'activités Semaine du 07.07.2025-11.07.2025
Résumé des activités de la semaine du 30/06 au 04/07
Porte-Ouverte SEA Groussgaass