Home
Neiegkeeten
Wichteg NewsD’Aschreiwungen fir d‘Allerhellegenvakanz
D’Aschreiwungen fir d‘Allerhellgenvakanz sinn ONLINE AB DEN 24/09/2025 BIS DEN 10/10/2025
De Formulaire fannt Dir hei: https://formulaires.esch.lu/MRInsriptionVacances/
Wobrécken (Crèche)Pappendag an Inklusioun
Fir d’Pappendag hu mir mat de Kanner vun 1 bis 2 Joer lecker Vanille-Kichelcher gebak. D’Kanner konnten d’Deeg mat den Hänn entdecken, mat Ausstecher Formen ausschneiden an d’Kichelcher gestalten. Mir hunn dobäi drop opgepasst, datt all Kand e perséinleche Message fir seng Famill opschreiwe konnt. Sou ass aus der Aktivitéit eng flott Geleeënheet ginn, Kreativitéit a Freed ze erliewen, mee och Diversitéit an Inklusioun am Grupp ze liewen. All Kand konnt houfreg säi klengen, symbolesche Kaddo mat Heem huelen an esou säin eegene Familljemoment feieren.
Wobrécken (Crèche)Pedagogesch Sortie op de Bauerenhaff zu Leideleng
D’Kanner vun eiser Crèche haten dës Woch d’Méiglechkeet, en erleefnisräichen Dag um Bauerenhaff zu Leideleng ze verbréngen.
Si hunn déi verschidden Déieren aus no gekuckt, se gefiddert a vill Spannendes iwwert d’Liewen um Bauerenhaff geléiert.
Duerch dës Aktivitéit konnten d’Kanner net nëmmen en direkten Kontakt mat der Natur an den Déieren erliewen, mee och hiren Entdeckungsgeescht a vill Freed deelen.
Et war eng flott Geleeënheet, d’Zesummeliewen an de Respekt fir d’Natur a fir d’Déieren ze fërderen.
Rezent Fotoën
Porte Ouverte
Porte Ouverte
Soirée parents invitation
Horaire responsable
E klenge Cadeau fir Pappendaag (Précoce)
Précoce Maison Relais
Pappendag an Inklusioun
Plan d'activités de la semaine du 06.10.-10.10.2025
Plan d'activité du 06/10 au 10/10
Résumé des activités de la semaine du 29/09 au 3/10