Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Bau a- Wessenschaftsraum


D'Bauen ass e fundamentalen Deel vun engem Kannerspill an de Chantier ass en anert populär Gebitt.
D'Kanner brauche vill Material fir hir Virwëtzegkeet beim Bauen ze befriddegen an hir Fantasie fräi ze loossen. Am Bauraum kënne Kanner eleng oder mat aneren bauen. 
D'Kanner léieren iwwer d'physikalesch Gesetzer vu Materialien, si léieren iwwer Dimensiounen an architektonesch Formen.
D'Kand kritt sozial an emotional Fäegkeeten andeems et Material ausprobéiert an domat experimentéiert an Zësummenarbescht mat anere Kanner.
D'Kand tauscht Iddie mat aneren aus andeems se zesummen nodenken wat a wéi ee eppes bauen kéint.

  • Op dës Manéier kritt et logescht Denken andeems et dat néidegt Material moosst, kontrolléiert an organiséiert.
  • D'räimlech Zuordnung gëtt encouragéiert.
  • Fäinmotorik gëtt encouragéiert z.B. andeems d'Kand verschidde Grondbausteng zesummesetzt.
  • D'Baumaterial as fir d'Kanner fräi zougänglech; sie kënnen fir sech selwer entscheeden wat sie brauchen fir hiren Bau.
  • Den Educateur ass ëmmer op der Säit vun de Kanner a begleet hir Planung.

 
Material am Bausecteur:

  • Kapla Steng
  • Taassen mat Bausteng
  • Legos
  • Autoen
  • Natirlecht Material
  • Fotoen vun nationalen an internationalen Gebaier
  • Dossier mat zousätzlechen Iddien