Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Konschtraum


De kreative Beräich bitt eng ganz Rei vu Materialien a Ressourcen, déi d'Kanner benotzen kënne. Et gi Regaler mat klore PVC Këschte déi sënnvoll arrangéiert sinn an de Kanner zur Verfügung stinn. Dës Këschte enthalen eng Vielfalt vun Saachen wei Nuddelen, Muschelen, Pabeierrollen, Diamanten, Spatelen, Fiederen, Korken, asw. fir de Kanner hir Fantasie ze entwéckelen. Et ginn och verschidde Faarwen wéi Fangerfaarwen a vill Geschir, déi d'Kanner benotze kënnen wéi se wëllen.
An eiser maison relais kënnen d'Kanner sech kënschtleresch entwéckelen. Wann se an de Raum erakommen, kënne se e Meeschterstéck hirstellen.
D'Kreativitéit dréit zur Entwécklung vu Konzentratioun, Selbstdisziplin a kritescht Denken bäi.
 
Material am Kreativberäich:

  • E Beräich fir ze molen an zeechnen mat Paletten an Faarwen, mat Staffeleien an Dëscher fir mat enger Rei vun Faarwmaterialien schaffen ze kënnen.
  • Handwerksmaterial wéi Schéieren, Pësch, Gummi, Lineal, asw.
  • E Beräich fir mat verschidden Stoffer a Woll schaffe ze kënnen.
  • E Beraich wou se mat Ton an Lehm schaffen kënnen. Fotoe vu verschiddene Kënschtler op de Maueren, Konschtbicher an illustréiert Bicher.
  • Optioun fir de Kanner hir Konschtwierker virweisen ze kënnen.
  • Open Regaler mat enger Vielfalt vun alldeeglechen, Handwierks- a Baumaterial.
  • Natierlecht a recycléiert Materialien (upcycling) gi bevorzugt fir wirtschaftlech an ëmweltfrëndlech Aarbescht ze erméiglechen.