Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Grupp Grimmelcher

Am Grimmelcher Grupp schaffe mir vill no der "Emmi Pikler" Pädagogik, déi seet, datt all Kand seng Perséinlechkeet huet an dofir säin eegenen Tempo vun Entwécklung a Léieren, wat ganz verschidden sinn kann. All Kand wäert sech a verschiddene Beräicher entwécklen wann se sech prett fillen d.h. wann d'Kand zouversiichtlech ass mat deem wat et bis elo geléiert huet. D'Kand entwécklet seng motoresch Fähegkeeten sou wéi gudd Selbstschätzung vun ganz alleng, wann et harmonesch ënnerstëtzt gëtt, an sech geléift an sécher fillt.

D'Emmi Pikler ass der Meenung, datt d'Perséinlechkeet vun engem Kand sech am beschten entfalen kann, wa mir dem Kand erlaben sech autonom ze entwéckelen. Si huet ugeholl datt d'Betreiung vu Puppelcher schon Deel vun der Erzéiung wier. E Puppelchen huet déi meescht vu senge sozialen Erfarunge wann et gefiddert, gebad a gewéckelt gëtt. Aus dësem Grond ass d'Behandlung vum Puppelchen mat Léift a Respekt ganz wichteg fir déi gesond Entwécklung vum Kand. Fir d'Pikler ass all Interaktioun mam Kand duerch intensiv Kommunikatioun (verbal, Kierpersprooch) a Betreiung charakteriséiert.

 

Déi dräi Aspekter vun der Pikler Pädagogie:

Betreiung: Virsiichteg kierperlech Betreitung a Kommunikatioun mam Kand. D'Kand hëllt un der Betreiung deel.Et ass wichteg fir eis datt mir eis Zäit huelen fir d'Betreiung vun den Puppelcher. Falls e Puppelchen am stoen geännert ginn well, respektéieren mir seng Entscheedung. All Schrëtt deen ennerholl gëtt, gëtt dem Kand erklärt, fir datt hien den Virgang versteet. Déi verschidden Schrëtt gi vun all Educateur op déi selwescht Manéier duerchgefouert, sou datt d'Kand anhand vun eisen Schrëtt selwer versteet, wat duerno kënnt.

 

Motoresch Entwécklung: D'Kand entwéckelt sech onofhängeg an a sengem eegenen Tempo. Erwuesener sollen net agräifen an dësen Prozess beschleunegen. Wann d'Kand een Joer erreescht an nachemmer net treppelen kann, as dat net weider Schlemm, et brauch just méi Zäit fir seng Entwécklung. All Kand entwéckelt sech individuell. E puer Kanner ginn méi fréi, anerer schwëtzen méi fréi, asw.

 

Spill: Fräi an ongestéiert Spill an engem geschützten an Alter entspriechenden Ëmfeld. Am Sall riets vun der Entrée um Rez-de-Chaussée hu mir eng barrière aus der Emmi Pikler Gamme installéiert fir de Raum an zwee Deeler ze trennen. Op der enger Säit hunn d'Kanner e Raum fir fräi ze spillen an op der anerer Säit sëtze mir déi kleng fir hinnen méi Sécherheet ze bidden oder fir Kanner déi raschten wëllen. D'Spiller gi reegelméisseg gewiesselt fir de Kanner Villfalt ze bidden, an kënnen och autonom vun den Kanner erreescht ginn.