Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Natur an Wessenschaft


De kreative Atelier ass um drëtten a leschten Stack vun eiser maison relais. 

Et ass dee gréisste Raum dee mir an eiser maison relais zur Verfügung hunn. Den Zweck a Funktioun vun dësem Atelier ass d'Kreativitéit an d'Konscht. D'Materialien, déi an dësem Atelier verfügbar sinn, si ganz divers. D'Materialien sinn no Faarf zortéiert, a mat engem Piktogram markéiert, sou datt d'Kanner d'Matérialien séier eleng fannen an erëm eleng ewech leeën kënnen. Mir hunn och en "Natureck" deen eng grouss Varietéit vun natierlechen a recycléierten Materialien huet (upcycling). Mir hu natierlech Materialien léiwer, déi mir selwer matten an der Natur fannen kënnen.

Am kreativen Atelier hu mir den Eck "Natur a Wessenschaft" integréiert, wou d'Kanner mat verschidde Materialien (Doséierbecher, Mikroskopen, Pipette) experimentéiere kënnen. Esou entdecken si hiren Ëmfeld, d'Natur an d'Déieren.